Hien huet seng Heemescht d’Elfenbeinküst als Jugendleche misse verloossen, well säi Liewen a Gefor war. Mam Fliger ass hien zu Paräis gelant an du mam Zuch op der Stater Gare ukomm. Wéi sech säi Liewen an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg entwéckelt huet, huet hien dem Monica Camposeo erzielt.
Haut schafft de Joel Bright an engem lëtzebuergesche Betrib als Installateur. Dëst Joer huet hie seng Geselleprüfung gepackt. Säin nächst Zil: d’Meeschterprüfung.
Viru 5 Joer ass de jonke Mann eleng vun der Elfenbeinküst mat engem Touristevisa iwwer Frankräich op Lëtzebuerg komm. Deemools war hie 16 Joer jonk. Zanterhier huet sech vill gedoen.
Op seng Aarbechtsplaz ass de Joel Bright besonnesch houfreg: "Am Ufank, wéi ech hei ukomm sinn, war et schwéier, eng Aarbechtsplaz ze fanne wéinst mengem Status an och well ech mannerjäreg war. Kee wollt mech huelen. Ech hu lauter Entreprisen ugeschriwwen a meng Demande geschéckt. Bei menger aktueller Aarbechtsplaz hunn ech meng Zensur vum leschte Semester bei mäin CV geluecht a well ech gutt Notten hat, krut ech direkt en Uruff."
Eng Aarbechtsplaz ze kréien, ass fir geflüchte Persounen net einfach. Wien nach an der Prozedur ass, fir déi international Protektioun ze kréien, dierf eréischt 6 Méint nom Areeche vun dëser Demande eng Autorisatioun ufroen, fir schaffen ze goen.
Dem Joel Bright säi Patron géing sech wënschen, dass d’Prozeduren allgemeng méi einfach wieren.
"Well de Lëtzebuerger Marché brauch Aarbechtsleit. Do si Leit, déi sëtzen do de ganzen Dag, d’Daumen ze dréinen a wa mir déi kéinte recuperéieren, fir bei eis ze schaffen a wann dat einfach géing goen, dat wier immens", esou de Michel Reckinger.
"Dat, wat mir hei maachen, dat ass wierklech, si z’emprisonéieren an et hinnen esou schlecht wéi méiglech ze maachen hei am Land, fir dass si erëm ginn. An dat ass definitiv net déi richteg Approche."
D’Aarbechtsplaz géing eng wichteg Roll spille fir d’Integratioun, betount de Michel Reckinger.
Op eegene Been stoen, och dat ass fir de jonke Mann nëmme méiglech, well hien eng Pai huet. Haut wunnt hien eleng an enger Wunneng vun der Croix-Rouge.
Ma u seng éischt Nuecht hei zu Lëtzebuerg erënnert hie sech nach gutt: "Ech sinn de 14. November 2015 zu Lëtzebuerg ukomm. Ech hat Angscht, et war ëm hallwer 12 an der Nuecht. Ech hunn dunn op der Gare geschlof an den Dag drop hunn ech d’Adress vun der Croix-Rouge erausgesicht, dat war an der Géigend vun der Gare. Den Här, deen do war, war immens léif. Ech muss soen zu Lëtzebuerg sinn ech nëmmen op léif Leit gestouss."
De Joel Bright huet sech hei een neit Liewen opgebaut. Seng Famill konnt hien awer scho laang net méi gesinn. Just mat senger Mamm huet hien eng Méiglechkeet fonnt:
"Mäi Liewen ass a Gefor, dofir krut ech vu Lëtzebuerg d’Protektioun. Ech dierf net op d’Elfenbeinküst zeréck, fir meng Famill ze besichen. Mee ech war an Afrika, an de Ghana, fir meng Mamm ze treffen. Si ass an de Ghana komm a mir hunn eis do gesinn. Duerno ass si zeréck op d’Côte d’Ivoire geflunn an ech sinn nees op Lëtzebuerg komm."
Hie wier glécklech zu Lëtzebuerg. Nieft der Meeschterprüfung huet hie sech nach en anert Zil gesat: "Ech léiere Lëtzebuergesch zu Walfer. Mat Franséisch kommen ech gutt duerch den Alldag, mee fir mech ass Lëtzebuergesch nach e Plus. Ech verstinn et zwar, mee ech wéilt et och gäre schwätzen. Dat wéilt ech gären nach kënnen op mäin CV schreiwen. An dann och ganz zu Lëtzebuerg ukommen."