
Wéi d’Police schreift, hat sech op der A13 op der Héicht vun der Ausfaart Nidderkäerjeng en Auto iwwerschloen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Automobilistin vum accidentéierte Won koum liicht verletzt fir eng Kontroll an d’Spidol.
Nieft der Ambulanz an de Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng war och den Escher SAMU op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Esch.
D’Police sicht nom Accident en Donneschdeg géint 8 Auer no Zeien. Wien eppes gesinn huet, ass gebieden, sech bei der Police vun Déifferdeng via Telefon um (+352) 244 53 1000 oder per Mail u police.DIFFERDANGE@police.etat.lu mellen.
En Donneschdeg de Moie géint 7 Auer waren op der A4 Héicht Féiz dräi Autoen an en Accident verwéckelt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Géint 9.10 Auer ass zu Lauterbuer en Auto am Gruef gelant. Eng Persoun gouf verwonnt.
Véier Accidenter gouf et am Nomëtteg op eise Stroossen.
De CGDIS war am Asaz, well um 13.15 Auer en Motard zu Gréiwemaacher gefall war a blesséiert gouf. Zu Ierpeldeng a Lenneng war all Kéiers kuerz no 15 Auer en Auto an de Bam gerannt. Zwee Mol mellt de CGDIS eng verwonnt Persoun. Um 16.50 Auer waren zu Waasserbëlleg zwee Autoen anenee gerannt. Och hei ee Blesséierten.