FarerfluchtZeienopruff no Accident tëscht Bungeref an dem Risenhaff

RTL Lëtzebuerg
E Freideg 10. Februar koum et kuerz no 16 Auer zu engem Accident op der N23, bei deem eng Automobilistin enger Frontalkollisioun knapps entgaangen ass.

Wéi d’Police mellt, hätt e klenge wäisse Camion, deen aus Richtung Risenhaff komm ass, zu engem Iwwerhuelmanöver ugesat. E konnt sech awer net mat Zäiten nees op senger Spuer areien, well op der anerer Spuer schonn en Auto op en duerkoum.

Fir eng Frontalkollisioun z’evitéieren, ass eng Automobilistin op der Géigespuer vun hirer Fuerbunn ofgebéit a Richtung Wiss a krut do e Bam ze paken. Glécklecherweis blouf et beim Materialschued.

Zeien, déi Informatiounen zum klenge wäisse Camion hunn, dee sech duerch d’Bascht gemaach huet, oder déi den Accident gesinn hunn, solle sech wgl. bei der Police mellen. Dëst via Telefon um (+352) 244 92 1000 oder via Mail op Police.ATERT@police.etat.lu.

No enger weiderer Farerflucht op der A3 e Méindeg de Moie géint 7.25 Auer konnt d’Police awer eng Persoun verhaften. Op der Héicht vun der Aire de Berchem hat en Automobilist d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war als éischt an e Camion an dono an e weidere Won gerannt. Ma wéi d’Police op d’Plaz koum, war de schëllege Chauffer net méi opzefannen. No enger kuerzer Sich konnten zwou Persoune lokaliséiert ginn, eng dovunner hat uginn, de Won gesteiert ze hunn. Bei weideren Ermëttlunge koum dunn awer eraus, datt éischter déi aner Persoun gefuer ass, déi de Permis awer scho verluer hat. De Parquet huet de Mann du verhafte gelooss an hie koum virun den Untersuchungsriichter. Eng Persoun koum wéinst dem Accident an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO