Och de Bau soll CO2-neutral ginnZu Beetebuerg entsteet e Pilotprojet a Saachen Decarbonisatioun

Marc Hoscheid
Aktuell gëtt an der Zone d'activité Wolser zu Beetebuerg ee Bürosgebai gebaut, deem säin CO2-Bilan quasi neutral soll sinn.
Och de Bau soll CO2-neutral ginn: Zu Beetebuerg entsteet ee Pilotprojet.
Och de Bau soll CO2-neutral ginn. Aktuell gëtt an der Zone d’activité Wolser zu Beetebuerg ee Bürosgebai gebaut, deem säin CO2-Bilan quasi neutral soll sinn.

Decarbonisatioun ass ee Stéchwuert, dat een am Kader vun den Diskussioune ronderëm de Kampf géint de Klimawandel ëmmer nees héiert. Et bedeit, datt bei wirtschaftleche Prozesser op den Ausstouss vun CO2 verzicht gëtt. All ekonomesche Secteur soll säin Deel zur Decarbonisatioun bäidroen, do mécht och d’Konstruktioun keng Ausnam. Et ass eng Première fir Lëtzebuerg a vläicht esouguer Europa. 12 Meter héich sinn d’Fassadenelementer, déi aus Holz, Stréi a Leem bestinn. Se goufen an enger Fabrick an der Belsch no un der Lëtzebuerger Grenz produzéiert. Zum nohaltege Konzept gehéiert nämlech, datt déi benotzte Materialien entweder aus Lëtzebuerg oder der direkter Ëmgéigend kommen. Déi extrem gutt Isolatioun an d’Thermik vum Gebai erlaben et, datt op eng mechanesch Heizung, Klimaanlag a Ventilatioun verzicht ka ginn.

En fait, on a une fonction dans ce bâtiment de stockage de l’énergie. Ça peut être le stockage du chaud mais du froid aussi. Et sur une très longue période. Donc le bâtiment a cette capacité énorme de stockage énergétique, qui permet de se passer de moyens conventionels de refroidissement ou de chauffage,” seet de Régis Bigot, Architekt bei Neobuild. “Et puis pour la ventilation, en réalité quand vous prenez une ventilation mécanique tout à effet classique, c’est un système, qui travaille 24 heures sur 24, 7 jours sur 7. Ce qui est un peu absurde, parce que si vous n’occupez pas le bâtiment, c’est pas nécessaire.

Amplaz mat enger Ventilatioun ass d’Gebai mat engem zentraliséierte System ekipéiert, deen automatesch d’Fënsteren opmécht, wann den CO2-Wäert bannenan ze héich ass. Déi speziell Bauweis huet donieft de Virdeel, datt de Chantier méi séier virugeet wéi bei konventionelle Projeten.

Mir hu lo am Januar ugefaangen, dat heescht de Gros oeuvre war a véier Méint fäerdeg. D’Fassaden, déi misste lo an zwee Méint fäerdeg sinn. Dat heescht d’Gebai bannent zwielef Méint ass et fäerdeg, sou datt mer Enn Dezember do eraplënneren. Dat heescht zwielef Méint, dat ass zimmlech schnell, mee graçe wat d’Fabrikatioun ugeet vun den Elementer an déi ganz Etüd, déi am Virfeld gemaach ginn ass,” erkläert de Christoff Dellizotti,Patron vun enger Bauentreprise.

Et géing een net dervunner ausgoen, datt d’Bauen duerch déi nei Method méi deier gëtt. D’Gebai entsprécht dem Gedanke vun der Kreeslafwirtschaft, et kann nämlech komplett demontéiert an op enger anerer Plaz nees opgebaut ginn. De Projet zu Beetebuerg gëtt iwwregens vum Wirtschaftsministère iwwert de Programm “Neistart”, deen am Kader vun der Corona-Pandemie an d’Liewe geruff gouf, fir d’Ekonomie nees ze relancéieren, finanziell ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO