
D'Faiten gi schonn op d'Zäit vun e Méindeg op en Dënschdeg zréck. Zu Déifferdeng gouf et an där Nuecht e Schosswiessel matten am Zentrum. Offiziell hunn d'Autoritéite vu Police a Parquet bis ewell näischt matgedeelt, mä den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch erkläert, op RTL-Nofro hin, datt, senges Wëssens no, géint Hallefnuecht en Dënschdeg direkt e puer Mol op der Kräizung vun der Avenue de la Liberté mat der Grand-Rue aus engem Auto raus op Foussgänger geschoss gouf. Iwwert den Hannergrond ass bis elo nach näischt gewosst.
Blesséiert ass kee ginn. Dat hätt allerdéngs och kënnen anescht ausgoen. Eisen Informatiounen no ass nämlech ronn eng Dose Mol geschoss ginn.
De Gemengepapp ass, eegenen Aussoen no, Dënschdegmoies um 8 Auer vun der Police iwwert d'Virfäll informéiert ginn, fir z'evitéieren, datt en aus der Press iwwer d'Schëss géing gewuer ginn. Am Police-Bulletin stoung bis en Donneschdeg awer nach näischt iwwert d'Faiten. En Donneschdeg krut RTL réischt op Nofro hi vum Parquet matgedeelt, datt, beim Laanschtfueren aus zwee Autoe raus op Passante geschoss gi wier, déi nieft engem geparkten Auto stoungen. Aus ermëttlungstechnesche Grënn kéint een doriwwer raus awer keng weider Informatioune raus ginn.
Dem Guy Altmeisch no wier den Dag drop ënnert anerem en Auto mat Aschosslächer ofgeschleeft ginn. An d'Police géif natierlech enquêtéieren. Dobäi kënnen d'Beamten och op d'Videomaterial vun den Iwwerwaachungskameraen zréckgräifen, déi zanter Uganks des Joers an der drëttgréisster Gemeng am Land am Asaz sinn.
Fir den Déifferdenger Buergermeeschter wier den Tëschefall vun Uganks der Woch e Beweis méi, wéi néideg déi Kameraen waren, fir Fäll opzeklären an Täter z'identifizéieren.
Zu Déifferdeng gëtt et aktuell 49 Kameraen am Kader vum Visupol-System.
Am Abrëll zejoert war schonn emol zu Déifferdeng aus engem Auto raus geschoss ginn. Déi Kéier war e Café an der Rue Emile Mark viséiert. De Bistro ass, dem Buergermeeschter no, antëscht zou. Och bei där Schéisserei war kee blesséiert ginn.