
Kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op e Sonndeg stoung zu Ëlwen an der Rue de Wilwerdange en Auto a Brand. Am Asaz war d’Ambulanz vun Ëlwen.
Um RN12 tëscht Rippweiler a Schweebech ass en Automobilist géint 1.30 Auer mat sengem Gefier an e Potto gerannt a gouf dobäi blesséiert. D’Ambulanz an de Rettungsdéngscht vu Lëntgen waren op der Plaz.
Um Samschdegmëtteg hat et kuerz viru 17 Auer an enger Kummer zu Wäicherdang am Colonel Damien Bourg Wee gebrannt. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert a vum Samu an de Rettungsdéngschter vu Clierf, Wolz an Housen versuergt.