Et gëtt elo scho länger iwwert d’Situatioun op der Ettelbrécker Gare diskutéiert, op där vill Leit sech virun allem owes an nuets net sécher fillen. An deem Kontext ass deels och ze héieren, datt de Restaurant vun der Stëmm vun der Strooss eng problematesch Clientèle unzéie géing.
Knapp 2 Joer ass d’Stëmm vun der Strooss mëttlerweil zu Ettelbréck op der Gare present. Ma schonn an där kuerzer Zäit wieren d’Zuelen explodéiert. Knapp 25 Persounen hunn an deem klenge Restaurant Plaz. Et hätt een awer schonn Deeg gehat, op deenen een 140 bis 170 Moolzechte verdeelt huet, esou den André Duebbers, President vun der Stëmm vun der Strooss. Ma wéi eng Leit huelen déi Offer dann an Usproch?
“Also mir kënnen d’Leit jo net identifizéieren. Et steet kengem op der Stier geschriwwen, ob en Drogendealer oder Toxikoman ass. Bei eis ka jidderee kommen, deen Hëllef braucht, deen eng waarm Moolzecht braucht, an deen däerf bei eis kommen. Pour le reste ass dat am Fong net eis Problematik oder eise Boulot, fir hei ze kucken, wéi gesäit hei déi Drogenzeen aus, respektiv wéi kann een déi hei an de Grëff kréien.”
Et géing een d’Problemer am Quartier natierlech matkréien, ma den André Duebbers gëtt awer och ze bedenken, datt de Restaurant just vun 12 bis 15 Auer mëttes op huet an d’Leit do keen Alkohol a keng Droge konsuméieren dierfen.
Wat d’Raimlechkeeten ugeet, ass nach net kloer, wéi et weidergoe soll. Et géing een awer driwwer diskutéieren, fir an Zukunft mat méi klenge Strukturen ze schaffen. Dat och, fir datt se net méi sou visibel fir d’Populatioun sinn an et doduerch manner Problemer mat der Akzeptanz gëtt. Dat wier wuel och am Sënn vum Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen.
“Et muss een eng Kéier ee Bilan maachen an da muss ee kucken, wou d’Rees higeet. Vergréisseren, hei zu Ettelbréck, à première vue fir eis als Gemeng, quitte datt mir lo net Proprietär do sinn, muss ee kucken, ass dat sënnvoll oder ass et net awer méi sënnvoll, wat mir éischter géinge begréissen, datt déi Servicer méi dezentral och duerch d’Land nach weider organiséiert ginn. An net just op dräi oder op véier Plazen.”
De Gemengepapp ënnersträicht awer och, datt d’Offer vun der Stëmm vun der Strooss wichteg wier. Dës kéint zwar och mol negativ Repercussioune mat sech bréngen, mä als Stad Ettelbréck géing ee sech net géint sozial Servicer an Hëllef fir Leit an Nout wieren.