
An deenen zwou Nordgemenge Groussbus a Wal gouf dëst Joer an zwou Sektioune gewielt, ma dat war déi leschte Kéier, well op den 1. September fusionéiere si an et entsteet déi nei Gemeng Groussbus-Wal. An deenen nächste 6 Joer gëllt eng Iwwergangsphas, wärend där de Schäfferot aus véier Membere besteet, zwee aus der Sektioun Groussbus an zwee aus der Sektioun Wal. Beschtgewielten an der Sektioun Groussbus war de Buergermeeschter Paul Engel, dat virum Anne Steichen. Zu Wal krut déi fréier Buergermeeschtesch Christiane Thommes-Bach déi meeschte Stëmmen, op déi zweete Plaz koum d’Maggy Risch. Ma bei der Wiel vum Schäfferot hat sech an der Sektioun Wal och de Marc Witkowsky gemellt. Hien war zu Wal op déi véierte Plaz komm, wann ee béid Sektiounen zesummen hëlt, war hien awer just deen Zéngtgewielten. Trotzdeem konnt hie sech beim Vott am Gemengerot géint d’Maggy Risch duerchsetzen.
Dat huet hier nawell guer net gefall a si huet hirem Onmutt an engem Facebookgrupp fräie Laf gelooss. Eng Rëtsch Leit hu sech mat hier solidaresch gewisen an d’Decisioun vum Gemengerot kritiséiert. Eng Reaktioun huet net all ze laang op sech waarde gelooss. Schonn en Dënschdeg huet de Marc Witkowsky nämlech an enger Sëtzung vum neie Gemengerot erkläert, datt hien awer net fir de Poste vum Schäffen zur Verfügung steet. Hie bleift awer am Conseil. Doropshin huet d’Maggy Risch op en Neits hier Kandidatur gestallt a gouf och gewielt, allerdéngs net unanime. Dat hunn de Paul Engel an d’Christiane Thommes-Bach op Nofro hi confirméiert. Si weise sech iwwerzeegt, datt een trotzdeem an Zukunft gutt am Schäfferot zum Wuel vun der Gemeng zesummeschaffe wäert. Ob deem dann och wierklech sou wäert sinn, mussen déi nächst Wochen, Méint a Joer weisen. De Start vum neie Gemengerot war op alle Fall éischter holpereg.