Et si keng Wale wéi déi aner, sou vill ass kloer. D’Extrême droite steet - Sondagen no - virun enger historescher Walvictoire. 3 grouss Bléck sti sech géintiwwer, déi Liberal vum President Emmanuel Macron, en Zesummeschloss vun der Gauche an eben de rietse Rassemblement National. Och d’Fransousen am Ausland wiele mat. Zu Lëtzebuerg gëtt een Deputéierte fir d’Circonscription Benelux gewielt. D’Leit hunn elo am éischten Tour de Choix tëschent am Ganze 9 Kandidaten.
Zënter 2017 siegéiert de Pieyre -Alexandre Anglade als Benelux-Deputéierten zu Paräis. Hien ass Member bei der Renaissance vum Emmanuel Macron a kandidéiert elo fir e weidert Mandat. Hie warnt a verschiddene Medie virun anere Parteien, déi europäesch Reegelen net géingen anhalen. Eng vun senge Konkurrentinnen ass d’Géignerin aus dem Ballotage fir déi leschte Walen am Joer 2022. D’Sozialistin Cécilia Gondard kandidéiert fir den Nouveau Front Populaire.
D‘Fonktioun vum Benelux-Deputéierten am franséische Parlament ass et, d’Interesse vun de Fransousen an Holland der Belsch a Lëtzebuerg ze vertrieden.
“An de Grenzzone gëtt et vill Sujeten: Teletravail, Pensiounen oder Steieren zum Beispill. Parallel geet et drëm, dës Fransousen iwwer all dat ze informéieren, wat si an der Assemblée nationale zu Paräis kéint concernéieren.”
D’Cecilia Gondard ass déi eenzeg Kandidatin vun den dräi grousse Bléck, déi bannent engem raisonnabelen Delai fir en RTL-Reportage ze erreeche war.
Fir de Rassemblement National kandidéiert iwwerdeens d’Charlotte Beaufils, eng 18 Joer al Studentin vu Bordeaux.
An engem Interview mam Quotidien huet si Kontrollen op de Benelux-Grenzen net ausgeschloss.
Zu Lëtzebuerg si 31.000 Leit an de Wallëschten agedroen. Nieft der Optioun fir dëse Sonndeg an d’Walkabinn ze goen, konnten d’Wieler tëscht dem 27. an 29s. Juni hir Stëmm online ofginn.
D’Nimm vun alle Kandidaten déi an der Circonscriptioun Benelux kandidéiere fënnt een um Site vum franséischen Europa- an Ausseministère.
Consulter les circulaires des candidats - 4ème circonscription