
Si konnte méi spéit vun der Police gestallt ginn. Ma net just do hate si Saache matgoe gelooss. Aus engem anere Buttek hate si schonn zwee Rucksäck agestach, dee schonn ee vun de Brigange genotzt hat, fir dat Geklauten dran ze transportéieren.
Well et net fir d’éischt war, dass si wéinst Klauen opgefall sinn, war et vum Dikrecher Parquet den Uerder, déi zwee festzehuelen. En Donneschdeg de Moie hate si Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.