
Op engem Chantier vun enger Firma am Gruefwee zu Ierpeldeng un der Sauer goufen dräi Containeren opgebrach an eng Rei Schief duerchwullt. Éischten Informatiounen no gouf awer näischt geklaut.
An der Reisduerferstrooss zu Iermsdref gouf iwwerdeems déi nämmlecht Zäit eng Fënster ageschloen, wouriwwer op d'mannst zwee Abriecher an ee Wunnhaus koumen. Si hunn eng Rei Raim duerchsicht, ma goufe vun der Bewunnerin gestéiert, wou si heem koum. D'Abriecher sinn iwwert den hënneschten Deel vum Terrain geflücht. D'Police huet mat enger Hondsstaffel no de Kriminelle gesicht, ma ouni Erfolleg. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
Et gouf dann och nach aus zwee Butteker geklaut, dat op der Route de Luxembourg zu Schieren an op der Arelerstrooss zu Uewerpallen. Zu Schieren huet eng Mataarbechterin vun engem Geschäft en Dënschdeg am Nomëtteg festgestallt, datt aus engem Safe an de Bürosraim Boergeld geklaut gi war. Éischten Erkenntnisser no war virdrun eng verdächteg Persoun an dësem Beräich.
Och ee Geschäft zu Uewerpallen huet géint 17 Auer gemellt, Affer vun engem Déif ginn ze sinn. Zwou Persounen hunn éischten Informatiounen no Wäertgéigestänn aus dem Buttek geklaut. Wou eng Mataarbechterin si ugeschwat huet, vun déi Verdächteg sech aus dem Stëbs gemaach, ouni d'Wuer matzehuelen. Och an dësen zwee Fäll gëtt ermëttelt.
Donieft hat d'Police et dann och mat Persounen ze dinn, déi ze déif an d'Glas gekuckt hunn: En Dënschdeg am Nomëtteg goufen zwee Männer gemellt, déi sech am Entréesberäich vun der Stater Gare an d'Hoer kruten. Ee vun hinne war am Gesiicht blesséiert, medezinesch versuergt ginn, wollt hien awer net. Den zweete war immens alkoholiséiert an onkooperativ. Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum en an d'Ausniichterungszell.
E Mëttwoch de Moie géint 6 Auer si Beamte vun der Police dann op e Mann opmierksam ginn, deen an der Hollerecher Strooss op der Fuerbunn getrëppelt war an haart gejaut huet. Och huet hie refuséiert, vun der Strooss erofzegoen. Och hie koum an de Passagearrest.