
Geschitt ass dëst moies fréi géint hallwer 7 op der Streck tëscht Mompech an Uesweller, dat am Ausgang vu Mompech. An enger Rietskéier krute sech hei zwee Gefierer ze paken. Zwou Persoune koume mat der Ambulanz an d’Spidol, sou d’Police op der Plaz.
Eng Persoun huet misse vun de Pompjeeën aus hirem Won befreit ginn. Op der Plaz koum et zu gréissere Perturbatiounen am Trafic.
E weideren Accident gouf et um kuerz no 8 Auer zu Esch. Och hei hate sech zwee Gefierer ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.