
E Méindeg huet den Direktiounscomité vun den CFL ënnert anerem d’Successioun vum Marc Hoffmann als Direkter fir d’Infrastruktur-Gestioun ugeholl. De Marc Hoffmann, deen zanter 2008 Direkter vun den Aktivitéite fir de Persouneverkéier ass, réckelt fir de laangjäregen CFL-Mataarbechter Henri Werdel no. De fräie Posten an der Direktioun vum Persouneverkéier iwwerhëlt iwwerdeem d’Sophie Lacour.
Den Henri Werdel, deen 1987 bei der Lëtzebuerger Eisebunn ugefaangen huet an zanter 2012 als Direkter fir d’Gestioun vun der Infrastruktur responsabel war, wäert wärend enger Transitiounsphas d’Responsabilitéit iwwer d’Investissementer an d’Infrastruktur iwwerhuelen. No där Phas wäerte béid Direktiounen ënnert dem Marc Hoffmann zesummegefouert ginn.
D’Sophie Lacour iwwerhëlt de fräie Poste vum Marc Hoffmann als Direktesch fir d’Voyageur-Zerwisser. Dat no 12 Joer am Departement “Finance and Controlling”, 3 Joer bei der Qualitéit fir de Client-Zerwiss a 4 Joer als Responsabel vum Departement “Qualitéit”.
A béide Fäll gouf deemno op intern Léisunge gesat. Et géing en duebelen Defi ginn, gëtt de President vum Verwaltungsrot vum CFL-Grupp, de Jeannot Waringo, am Schreiwes vun den CFL zitéiert: D’Qualitéit vun de Voyageur-Zerwisser assuréieren a parallel d’Infrastruktur grouss ausbauen.
