
Ronn zwee Drëttel vun de Kanner héiert respektiv benotzt Doheem op d’mannst zwou verschidde Sproochen. Déi Kanner, déi mat nëmmen enger Sprooch doheem opwuessen, sinn deemno an der Minoritéit. Dat geet aus enger Enquête ervir, bei där ronn 8.300 Eltere matgemaach hunn. D’Majoritéit vun de Kanner ënner 4 Joer huet dann och am Alldag Kontakt mam Lëtzebuergeschen. Ronn all 7. Kand schwätzt zum Beispill och Lëtzebuergesch mat senge Geschwëster an eng aner Sprooch mat sengen Elteren. Gläichzäiteg gëtt a ville Famillen och Franséisch geschwat.