Am Garer Quartier festgehollZwee Männer als Drogendealer verdächtegt, Scan bei engem positiv

RTL Lëtzebuerg
Am Garer Quartier hat e Sonndeg den Owend e Mann op sech opmierksam gemaach, well hie méi séier fortgaange war, wéi hien eng Patrull gesinn hat.
Symbolbild: Drogeplombe
Symbolbild: Drogeplombe
© RTL Archiv

D’Polizisten, deenen de Verdächtegen opgefall war, sinn him doropshin nogaangen a konnten de Mann net wäit ewech stoppen. Dat zesumme mat engem weidere Mann. Wéi d’Polizisten d’Männer gesinn hunn, konnte si Schléckbeweegunge bei hinnen erkennen. Doropshi goufe si wéinst dem Verdacht, datt si Drogeplombe geschléckt hunn, vun de Beamte matgeholl.

D’Analys am Scanner war bei engem vun de Männer positiv, wouropshin dëse festgeholl gouf. Hien hat e Méindeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO