Yuriko BackesZwee staatlech Meteo-Zerwisser sollen onofhängeg bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Missten déi zwee staatlech Meteo-Zerwisser net zesummegeluecht ginn, fir an Zäite vu Klimakris koherent, uniform a prezis ze kommunizéieren?

Nee, äntwert déi zoustänneg Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierte Welfring a Sehovic.

Deemno bleiwen AgriMeteo mat hire 37 Wiederstatiounen a Meteolux zwou staatlech onofhängeg Meteo-Zerwisser - wuel wier zanter 2018 iwwer d’Schafe vun enger eenzeger nationaler Meteo-Institutioun nogeduecht ginn, seet d’DP-Ministesch, mee dës Gespréicher wieren am Sand verlaf.

D’Ministesch preziséiert och, datt all Publikatioune vu private Wiederstatiounen oder Meteo-Spezialisten onofhängeg vun de staatleche Kommunikatiounen ze gesi wieren.

De Projet LU-Alert géif weisen, wéi d’Kommunikatioune vu Wieder-Warnunge substantiell kéinten harmoniséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO