Respektiv u wat si sech nach erënnere kënnen. Et gouf nämlech däitlech, dass et schonn iwwer zwee Joer hier sinn, dass e Mann do déidlech blesséiert ginn ass, nodeems hie selwer mat zwee Messeren arméiert op engem Training vun der U13 vum Futtballveräin opgedaucht war.
Een Zeien, deen der Police no am meeschte kéint gesinn hunn, wosst net méi wien hien ausser dem spéideren Doudesaffer nach gesinn hat, wéi hie sech vum Terrain a Richtung Sortie de Rampli erof beweegt hat, bis d‘Riichterin hien u seng fréier Aussoen erënnert hat. “Ah jo dach, do war nach deen Här, deen um Ugräifer souz.” Domat mengt den Zeien de Papp vun engem Spiller, dee wéinst schwéierer Kierperverletzung ugeklot ass. Den zweeten Zeien huet behaapt, hien hätt vu wäitem dräi Persounen zougeruff, si sollten den Ugräifer net weider traktéieren, well dëse jo schonn iwwerwältegt gi war. Dunn hätt hien d‘Ambulanz geruff, sech ëmgedréint a gesinn, wéi de Jugend-Coach de Mann um Buedem dräimol mat engem Messer gepickt hätt. Aus dem Dossier geet awer ervir, dass hien dem 112 géintiwwer eventuell scho vu Messerstéch geschwat hat.
Fir Kloerheet ze schafen, bréngt den Enquêteur vun der Police judiciaire d‘CD mat an déi nächst Sëtzung, op där den Noutruff enregistréiert ass. De selwechten Zeie wëll och héieren hunn, dass de Coach a Presenz vun der Police sot: “Ech war et, ech bréngen en ëm, well hie wëll meng Kanner ëmbréngen.”
En drëtten Zeie koum virun d‘Riichterin a konnt sech a sengen éischte Sätz u quasi näischt méi erënneren. Uganks konnt een am Sall den Androck hunn, hie wär deemools vläicht op engem aneren Terrain gewiescht an e wär nëmmen duerch e Malentendu an dëser Affär als Zeien invitéiert. Op Nofro vun der Riichterin hin huet sech erausgestallt, dass de Mann sech wuel un e Mann mat Messeren erënnere kann, deen op den ugekloten Trainer an deem säi Brudder lassgaange gewiescht wär.
Den Affekot vum ugeklote Papp vun engem U13-Spiller huet drun erënnert, dass d‘Menace, déi vum spéideren Affer ausgaange war, grav gewiescht wär. Eng Rei Kanner hätte wéinst dem Tëschefall ganz mam Futtball opgehalen, huet den éischten Zeie betount. Grad ewéi, dass den Trainer an den Ae vu verschiddene Kanner hiren Held wär. Den Trainer selwer, deen ëmmerhin Doutschlag reprochéiert kritt, léisst de Prozess gemittlech iwwer sech ergoen, huet een d‘Impressioun. A wann d‘Zeie sech net méi genee un alles erënnere kënnen, muss hien heiansdo schmunzelen.
En Donneschdeg am Nomëtteg an e Freideg de Moie geet de Prozess weider.