Esch-UelzechtZwou Persounen hu bei Sträit Stéchwonnen dovugedroen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg sinn zwee Männer mat Stéchwonnen an d'Urgense vun engem Escher Spidol komm.

Wéi d’Police matdeelt, war ee vun hinnen uerg blesséiert. Et huet allerdéngs keng Liewensgefor bestanen. Éischten Informatiounen no goufen d’Männer am Kader vun engem Sträit an engem Café mat enger futtisser gliesener Fläsch blesséiert.

Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet an e Rapport geschriwwen.

Och an der Nuecht op en Donneschdeg gouf dann eng Policepatrull an der Stad op eng Kläpperei an der Géigend vum Hamilius an der Stad opmierksam gemaach, bei där eng vun de bedeelegte Persounen en Taser bei sech hätt. Wéi d’Beamten op der Plaz agetraff sinn, ass eng vun de bedeelegte Persoune geflücht. D’Poliziste konnte si kuerz drop stoppen an den Taser bei hir sécherstellen.

Am Laf vun der weiderer Enquête huet sech dann erausgestallt, dass de Mann wuel an engem Café eng Fläsch Wäi geklaut hat, an dobäi vum Personal erwëscht gouf. Doropshi wier et zu engem Sträit komm, wärend deem de Mann den Taser agesat huet. Et wier awer kee blesséiert ginn. Well de Mann opgrond vu sengem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech sech selwer an déi aner duergestallt huet, gouf hien am Arrest ënnerbruecht.

Back to Top
CIM LOGO