Warscheinlech méi séier, wéi de Produzent erlaabt: Mat 130 Kilometer an der Stonn ass e Mann aus Hessen op engem getunte Bobby Car e Rampli erofgerannt.

Mat engem ëmgebaute Bobby Car huet de Marcel Paul sech viraussiichtlech eng Plaz am Guinness-Buch vun de Rekorder geséchert. E Samschdeg ass den 29 Joer ale Mann mat 130,7 Stonnekilometer e Rampli op enger Landstrooss bei Schotten an Däitschland erofgefuer an huet domat en neie Vitessrekord opgestallt, wéi d'Organisateure mellen.

Och de Vitessrekord an der zweeter Disziplin mat engem klassesche Bobby Car mat Plastikpneuen ass gegléckt. Hei huet hien et op 106 Kilometer an der Stonn bruecht. D'Institut vun de Rekorder fir Däitschland huet béid Spëtzewäerter schonn unerkannt, déi elo bei Guinness agereecht goufen.

Fir déi séier Faart op der Landstrooss mat 15 Prozent Gefäll war eng rout Luucht opgestallt ginn an e Bremsauslaf vun 300 Meter sollt zousätzlech fir Sécherheet suergen.

Seng Leidenschaft fir déi kleng Rutschautoen huet de Marcel Paul scho viru ville Joren entdeckt. Mat 12 Joer huet hien ugefaangen, Bobby Caren ëmzebauen, 2005 huet hien du mat Meeschterschaften ugefaangen,