
Dësen Tëschefall huet e gréisseren Asaz vun de Pompjeeën ausgeléist, schreift de Focus, well esouwuel d’Hotelslobby wéi och d’Strooss virun der Dier stoungen ënner Waasser. Eng honnert Pompjeeë ware beim Hotel net wäit vum Berliner Dom am Asaz.
Wéinst dem ville Waasser, wat ausgetrueden ass, huet d’Strooss, an där den Hotel läit, misste gespaart ginn. Och muss iwwerpréift ginn, ob d’Waasser net och an d’Déifgarage gelaf ass. D’Gebai, dat nieft dem Alexanderplatz läit, gouf beim Accident staark beschiedegt. Statiker sollen elo iwwerpréiwen, op déi droend Elementer duerch déi 1.000 Tonne Waasser, déi ganz plëtzlech ausgetruede sinn, Schued dovugedroe kéinten hunn.
“Et war ee reegelrechten Tsunami, deen hei ausgetrueden ass”, esou d’Buergermeeschtesch vu Berlin, d’SPD-Politikerin Franziska Giffey.
Den Aquarium ass wuel wéinst Material-Verschläiss geplatzt. Wéi et heescht, war dee risegen Zylinder no 18 Joer ze al. Eng Millioun Liter Waasser waren ausgelaf. D’Fësch aus dem Aquarium si bal all gestuerwen an zwou Persoune sinn duerch Splitter blesséiert ginn. Nieft den Opraumaarbechten leeft d’Ursaachefuerschung elo weider nach op Héichtouren. Weder de Bedreiwer nach de Proprietär vum Aquarium hunn offiziell eng Ursaach fir den Accident rausginn.
Nieft dem Hotel sinn am Gebai vum “DomAquarée” och de Sea Life an de sougenannten “AquaDom”, dat de gréisste fräistoenden zylindreschen Aquarium vun der Welt ass. 2020 gouf dëse moderniséiert.
Déi ronn 350 Gäscht, déi am Hotel en Zëmmer gebucht hunn, mussen d’Gebailechkeete verloossen. Wéi et heescht, wieren déi 1.500 Fësch, déi am Aquarium gelieft hunn, alleguer gestuerwen. D’Déiereschutzorganisatioun Peta huet scho gefuerdert, datt den AquaDom net erëm dierft opgebaut ginn.