Op d'mannst war den 51 Joer ale Mann ugedoen, wéi hie gefesselt am Bësch vun engem Cyclist an engem Jeeër fonnt gouf.

Si haten de Mann e Mëttwoch den Owend am Schaumburger Bësch tëscht Meinsen a Cammer ruffen héieren. Hie louch mat um Réck gefesselten Äerm an Hänn an der Géigend vun engem Héichsëtz um Buedem. Och seng Been a Féiss ware mat Seeler matenee verknuet. Donieft hat den Onglécklechen en Nylonscollant iwwert dem Kapp.

Et huet sech erausgestallt, datt de Mann u sech e Rendez-vous hat mat enger Fra, déi hien um Internet kenne geléiert hat. Am Bësch sollt et zum Libesakt kommen, de Mann huet sech deemno och fräiwëlleg vun der Onbekannter fessele gelooss. Ma nodeems hie komplett verknuet war, huet d'Fra ugeruff kritt an an huet sech doropshi fluchtaarteg ewechgemaach. A virun allem ouni e Wuert ze soen.

Esou Spillereie sinn dem Mann da wuel net ganz nei. Hien huet de Beamten nämlech spéider gesot, hien hätt "fir esou Fäll" e Cutter bei sech. Domm wier just gewiescht, dass hien esou ugestréckt war, dass hien net méi un d'Messer komm wier. Blesséiert gouf de Mann beim ganze Getechtelmechtels och net.

Zur Identitéit vu sengem onbekannte Rendez-vous wollt hie keng Aussoe maachen. An deem Sënn huet d'Police d'Ermëttlunge wéinst ënnerloossener Hëllef, respektiv méiglecher Sequestratioun, um Enn awer gestoppt.