Ëmmer méi Mënschen entwéckelen Allergien. Vill Facteure kënnen den traditionellen Heeschnapp ausléisen.

Een Haaptgrond ass virun allem d'Pollekonzentratioun, déi iwwer déi lescht Joren dramatesch geklommen ass.

D'Nues leeft, d'Ae si rout, tréinen a brennen. D'Haut kraazt. De Kapp ass zou. Et ass nees Pollenzäit. Een, deen Heeschnapp huet, fir dee fänkt elo déi batter Zäit un. An ëmmer méi Leit leiden drënner, besonnesch iwwer déi lescht Joren.

Méi wéi 20 Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg ass vun enger Pollenallergie betraff. D'Zuel vun den Allergiker geet erop. Parallel awer och d'Pollekonzentratioun, erkläert den Landschaftsekolog vun der Berliner Charité, de Matthias Werchan:

"Mir hunn zum Beispill bei der Alenter konstatéiert, datt 2019 an 2021 extreem staark Pollejore fir dës Zort vu Beem waren. Hei goufen u verschiddenen Deeg esouvill Pollen an engem Dag, ewéi soss normalerweis an enger ganzer Saison, produzéiert. Dat ass schonn aussergewéinlech, datt et ëmmer méi esou Jore gëtt. Bei der Bierk an den Hieselter gëtt et och en Opwäertstrend. Bampollen huelen zou, mee och d'Grieser." Wann ee soss generell e gudden Deel vum Hierscht a Wanter seng Rou virun de Pollen hat, bleift haut generell nach de Mount November. Am September d'lescht Joer waren nach fënnefmol méi Brennnessel-Pollen ënnerwee, ewéi déi Jore virdrun. Och am Oktober bleiwen nach kleng Quantitéite vu Rescht-Pollen an der Loft.

"Eigentlech ass et haut scho bal d'Reegel, datt ronderëm Chrëschtdag Hieselter- an Alenterpollen an der Loft sinn", esou de Fuerscher. "Dat war fréier sécher och heiansdo emol de Fall, mee elo ass dat scho quasi d'Reegel. Mir hunn zum Deel scho matten am Wanter: Enn Januar, Mëtt Februar scho richteg héich Polle-Konzentratiounen. Do ass keng Rou méi fir Pollenallergiker.

Stéchwuert Klimawandel

Déi waarm Temperaturen an eng héich Konzentratioun vun CO2 an der Loft agéieren quasi als Pollendünger. Da kommen nei Planzen, ewéi den Ambrosia dobäi, déi dem fréiere Klima zu Lëtzebuerg soss net Stand gehalen hätten.

"Wann een elo ganz wäit an d'Zukunft kuckt, da kann et sinn, datt d'Bierk a Mëtteleuropa ëmmer manner virkënnt a sech a Regiounen zeréckzitt, wou et nach fiicht genuch ass. Mee dofir wanderen dann awer aner Beem a méi nërdlech Regioune vun Europa."

D'Vegetatioun verännert sech an domat och d'Pollen. Dat géing een elo schonn an de Moosszentral spieren, esou de Matthias Werchan. E Prozess, an deen iwwert déi Joren weider Tempo rakënnt.

"Besonnesch iwwert déi leschten 30 Joer huet sech d'Zuel vun den Asthmatiker quasi verduebelt." Den Dokter Daniel Glesener, Pneumolog, weist sech besuergt:

"D'Zuel u Leit, déi eng Pollenallergie huet sech iwwert déi nämmlecht Period verdräifacht. Bis 2050 kéinte rezenten Etüden no bal 50 Prozent vun der Populatioun zum Allergiker ginn."

D'Grieser- an d'Bampolle maache méi ewéi 50 Prozent vun den Allergenen aus. Bei wäitem méi wéi d'Hausmilben oder Kazenhoer. Et sinn och déi, déi mam Klimawandel weider am meeschte wäerten an d'Luucht goen. Konsequenzen, déi een och elo schonn an den Dokterpraxisse spiert.

"Et si Leit, déi an d'Urgence komme mat enger éischter Asthmakris. Leit, déi virdrun ni gréisser Problemer haten. Dat ass natierlech och de Verlaf vun Asthma. Iergendwann ass et déi éischte Kéier, wou d'Symptomer optauchen. Mee et kann ee generell soen, datt d'Leit méi asthmatesch Symptomer an Allergië weisen."

Besonnesch am urbane Raum kéint hei nogehollef ginn, gëtt den däitsche Landschaftsekolog Matthias Werchan ze bedenken:

"Et misst een drop oppassen, net esou vill vun de staark allergenen Zorte vu Beem a Stied ze planzen. Besonnesch hei sinn och vill vulnerabel Gruppen. Och esou kann ee schonn d'Zuel un Deeg, wou et eng héich Belaaschtung duerch Polle gëtt reduzéieren."

E puer Tipps vun de Profien

Am beschte geet een am Dag net eraus, dat heescht, wann d'Pollenkonzentratioun am héchsten ass. Ass dat awer de Fall, hëlleft duschen a virun allem reegelméissegt Wäsche vum Gezei, dat een dobaussen unhat. Wien an der Vakanz virun de Polle flüchte wëll, deem ass eng Rees an d'Bierger - op iwwer 1.500 Héichtemeter oder eng Vakanz op der Plage vun enger Insel ze recommandéieren.