90 Joer ale Mann rifft mat Klacken no Hëllef

© AFP (Archiv)
E Bewunner aus engem Altersheem gouf no enger Veranstaltung aus versinn an enger Kierch agespaart.
Mam Laude vun de Klacken huet een als vermësst gemellte Bewunner vun engem Altershheem op sech opmierksam gemaach an esou d'Police alarméiert.
Den 90 Joer ale Mann war e Samschdeg den Owend no engem Event an der Lutherkierch zu Apolda an Thüringen net wéi ofgemaach an d'Heem zeréckkomm. Trotz enger Sichaktioun mat sechs Policeween konnt de Mann net fonnt ginn.
Wéi an der Nuecht op e Sonndeg op eemol géint 3.15 Auer d'Kiercheklacken ugefaangen hu mat lauden, ass engem Beamte vun der Police dat komesch virkomm. D'Police huet doropshin d'Kierch iwwerpréift an eng männlech Stëmm hannert der Dier vun der Kierch héieren. Nodeems de Paschtouer d'Dier opgemaach hat, gouf den 90 Joer ale Mann effektiv fonnt. D'Policebeamten hunn hie sécher zeréck an d'Altersheem bruecht.
De Mann huet bei der Police uginn, datt hien aus versinn agespaart gi wier. No laanger Sich hätt hien de Knäppche fir d'Kiercheklacke fonnt an dës ugemaach.