Den éischte vu 4 Deeg ass iwwerstanen, en Donneschdeg ass et da riicht weidergaangen. Mëttlerweil huet sech eng gewësse Routine agestallt.

D'Kandidate verlafe sech manner an de groussen Hale vun der Eurexpo an och hiren Zäitplang erschéngt manner kryptesch.Op déi liicht Schëller huele si et allerdéngs och net. Et sinn ustrengend a stresseg Deeg, well och en Donneschdeg huet voll physesch a psychesch Leeschtung misse bruecht ginn.

Ënnert de Vertrieder vum Lëtzebuerger Educatiounsministère, déi der Lëtzebuerger Delegatioun alles Guddes wënschen, ass och de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, deen op d'Wichtegkeet vun de Beruffsconcoursen ageet

De Luc Weis zu Promotioun vu Beruffer duerch d'WorldSkills 2024

D'Opreegung ass grouss bei de ville Visiteuren, déi dëst Event unzitt. Eleng op dësem Dag goufen iwwer 40.000 Schüler a Schülerinne gezielt, déi sech op eng Entdeckungsrees queesch duerch d'Beruffswelt gemaach hunn. Hir sëlleg Froe goufe vun den Experten, déi d'Kandidaten op hirer Rees op eng WorldSkills begleeden, beäntwert. Ma, wat maachen d'Beruffsexperten um Concours an där Zäit, an där hir Kandidate schaffen, soss nach?

De Mario Zoetaert, Lëtzebuerger Expert am Beruff Schräinerei, erkläert:

"Moies, ier et ugeet, hu mir e Briefing mam Chief-Expert vun eisem Concours. D'Kandidate kommen e wéineg méi spéit, um hallwer 9, a mir empfänke si all zesumme mat Applaus am Workshop".

Duerno steet eng Bespriechung vun der aktueller Aufgab un.

"Mir hunn dann nach eng véierel Stonn Zäit, an där all Expert däerf mat sengem Kandidat schwätzen.Do geet et dann ëm d'Zilsetzung an d'Methoden an natierlech deen een oder aneren Astuce. Um 9 geet de Concours dann offiziell lass a mir däerfen net méi mat eise Kandidate schwätzen. D'Experten hunn all eng Iwwerwaachungsroll, dat heescht si trëppelen duerch de Workshop a passen op, datt d'Competitiouns- a Sécherheetsreegelen agehale ginn. Huet e Kandidat eng Fro oder e Problem, da gëtt e vun engem Expert aus engem anere Land encadréiert".

Kandidaten an Experten hunn natierlech eng Mëttegpaus, déi däerf zesumme verbruecht ginn. Nomëttes geet et da weider mam Schaffen. De Mario Zoetaert:

"Wann d'Zäit ofgelaf ass, entloosse mir d'Kandidaten nach alleguer zesummen, nees mat Applaus. Esoubal si eraus sinn, maache sech d'Experten un d'Evaluatioun vun de Projete vum Dag. Dat ka mol ganz séier goen oder och bis spéit an d'Nuecht eran daueren".

Fir Lëtzebuerg ass et wichteg, bei de WorldSkills dobäi ze sinn.

De Luc Weis zu der Importenz vun enger Lëtzebuerger Participatioun

Längerfristeg Entwécklungsziler ginn och op der WorldSkills Conference däitlech ënnerstrach. Hei hu sech Fuerscher, Politiker a Vertrieder vun Interessen- a Fachverbänn aus der ganzer Welt getraff, fir zesummen iwwer d’Beruffsausbildung vu muer ze diskutéieren. Déi global Agenda vu WorldSkills ass de Lëtzebuerger Kandidaten am Moment awer wuel manner wichteg: si hunn d'Medaile fest am Bléck.