Zaldot rutscht um Äis aus a fält op säi Bajonett

Magnus Johansson via Wikimedia
Een Zaldot, dee virum Kinnekspalast zu Stockholm Gard gestanen huet, ass an de wanterleche Wiederkonditioune mat senger Waff ausgerutscht.
Den Zaldot konnt sech op dem veräiste Buedem net méi op de Been halen an ass mam Kapp op säi Bajonett gefall, wéi ënnert anerem d'Dpa bericht. Hie gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert. D'Bajonett - eng Zort Messer, dat op e Gewier opgesat gëtt - ass an déi riets Säit vu sengem Kapp agedrongen.
De Mann konnt glécklecherweis awer stabiliséiert ginn, net zulescht duerch déi séier Interventioun vu sengen Zaldote-Komeroden an duerch eng Noutoperatioun. E Spriecher vun der kinneklecher Gard a Schweden sot der Dpa géigeniwwer, seng Prognos wier gutt.
Fir sécher ze goen, datt sech esou ee Virfall net widderhëlt, sollen d'Zaldote vun der Gard hir Bajonetten elo stoe loossen, esoulaang d'Wieder weider verschneit an äiseg ass. D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet.