Chineesesche Kënschtler verkeeft Buddha-Statue vum Trump

Scho viru véier Joer hat den Hong Jinshi Honnerte vun de Statue verkaf. Kuerz virun der zweeter Amtszäit vum Donald Trump ass d'Demande elo rëm grouss.
Op den éischten Androck huet déi impulsiv Aart vun engem Donald Trump net grad vill mat der Rou vum Buddha ze dinn. Genee dës Kontrovers huet de chineesesche Kënschtler Hong Jinshi awer opgegraff, fir Statue vum neien US-President a Gestalt vun engem Buddha ze verkafen. Bei de wäisse Figuren aus Keramik sëtzt den Donald Trump am Schneidersëtz mat engem laange Gewand a mat den Aen hallef zou.
Schonn am Joer 2021 hat den Hong Jinshi aus Spaass ugefaangen, dës speziell Statuen ze verkafen, virun allem fir bekannt Persounen op d'Schëpp ze huelen. Schonn deemools huet hien der Honnerten dovu verkaf. An deene leschte Woche sollen d'Demande an d'Verkafszuele wéinst der Victoire bei den US-Wale rëm zougeholl hunn. Ze kafe kritt een d'Trump-Statuen a Buddha-Form jee no Gréisst fir ëmgerechent tëscht 133 bis 2.675 Euro.