No der Opfuerderung, seng Sëtzplaz ze wiesselen, huet d'Stewardess d'Sécherheetspersonal geruff. De Russ huet d'Situatioun duerno op X kommentéiert.

Op de soziale Medien huet an de leschte Stonnen ee Video d'Ronn gemaach, wéi de mëttlerweil pensionéierte Mixed-Martial-Arts-Kämpfer Khabib Nurmagomedov sech an den USA virun engem Flug mat Frontier Airlines mam Personal gestridden huet. De fréiere UFC-Champion krut dobäi vun enger Stewardess gesot, datt hien net beim Noutausgang sëtzen dierft, dat well hien net an der Lag soll sinn, fir de Leit an engem Noutfall ze hëllefen. Nodeems d'Opfuerderung, d'Plaz ze wiesselen, op kee Versteesdemech beim 36 Joer ale Russ gestouss war, gouf d'Sécherheetspersonal geruff. Doropshin ass um Video weider ze gesinn, wéi hien opsteet a selwer aus dem Fliger geet.

Op der Plattform X huet de russesche Kampfsportler sech nom Tëschefall selwer ze Wuert gemellt an dem Fluchpersonal, dat "vun Ufank un onfrëndlech war" ënnerstallt, eventuell rassistesch Intentioune fir dës Mesurë gehat ze hunn.

De Khabib Nurmagomedov huet kee vu sengen 29 Profi-Kämpf verluer a gëtt als ongeschloene Weltmeeschter a senger Gewiichtsklass als ee vun deene beschten MMA-Fighter an der Geschicht vun der Sportaart ugesinn.