"Wat eng Ligen", sou däneschen Astronaut zu Musk-Aussoen iwwer ISS

© Handout / NASA / AFP
Den Andy Mogensen huet dem Tech-Milliardär widdersprach, well dee gesot huet, déi 2 Astronaute wieren aus politesche Grënn net op d'Äerd zréckbruecht ginn.
Den Elon Musk huet op Fox News behaapt, de Butch Wilmore an d'Suni Williams kéinten déi international Raumstatioun net verloossen, well de Biden dat aus politesche Grënn net wollt an datt déi nei Regierung elo géing d'Astronauten retten.
"Wat eng Ligen. An dat vun engem, dee sech opreegt iwwer d'Feele vun Éierlechkeet an de Mainstream-Medien", sou den Andy Mogensen. Hien ass en 48 Joer alen Astronaut vun der ESA, deen zweemol op d'ISS geflunn ass, dorënner an enger Kapsel vu SpaceX.
Den Elon Musk huet séier geäntwert, de Mogensen wier jo "komplett behënnert" an dat SpaceX se scho viru Méint hätt kéinten zréckbréngen, wat een dem Biden och ugebueden hätt. Weider Detailer iwwer esou eng Offer huet hien awer keng ginn.
"Elon, du weess sou gutt wéi ech, datt si mat Crew-9 erëmkommen, wat schonn zënter September de Plang war.", sou d'Äntwert vum Andy Mogensen.
Déi 2 Astronauten Wilmore a Williams waren am Juni zejoert op d'ISS geflunn, fir eng Missioun vu just 8 Deeg. Aus deenen 8 Deeg si wéinst technesche Problemer vun der Nasa elo 8 Méint ginn.