Zanter 1988 dréit de Serge Freis d'Post aus. Am Mäerz d'nächst Joer wénkt d'Pensioun. Bis dohi schafft de Mann nach mat Häerz a Séil a sengem Beruff.

Freidegmoien am Centre de Tri vun der Post zu Wecker. 29 Bréifdréier sinn zanter 6 Auer amgaangen, hiren Tour fir den Dag z’organiséieren. Ënnert hinnen de Serge Freis. Den 58 Joer ale Mann schafft zanter Januar 1988 bei der Post.

"Et ass ewéi e Puzzle, deen nach ganz duercherneen ass"

De Courrier vum Serge Freis senger Tournée ass a Këschten, wann de Bréifdréier moies um 6 Auer zu Wecker ufänkt. "D’Bréiwer si schonn e bëssi vir-sortéiert. Fir de Rescht ass nach esou zimmlech alles duercherneen. Da fänkt dat eigentlecht Sortéieren un. D’Recommandéë ginn extra traitéiert. Déi musse jo vun de Leit ënnerschriwwe ginn", erkläert de Serge Freis mir. Seng Aarbecht mécht hien nach ëmmer mat der selwechter Leidenschaft ewéi um éischten Dag.
 
"Duerch d’Online-Bestellunge sinn zanter e puer Joer och méi Päck ze sortéieren", sou de Bréifdréier weider. "Wann dat dann alles esou getässelt ass, dass mir et dann am Auto och erëmfannen, da gëtt den Auto voll gelueden an da geet et eraus". Géint 8 Auer sinn déi meescht Bréifdréier prett, fir hiren Tour unzefänken. Geschafft gëtt bis nomëttes 14 Auer.
An der Zone Industrielle zu Gréiwemaacher fänkt dem Serge Freis säin Tour un. Fluessweiler an e groussen Deel vu Mensder gehéieren och zu senger Tournée.

"Ech war insgesamt 30 Joer an der Réimech-Mondorffer Géigend"
De Serge Freis doriwwer, wou a wéini hie wärend senger Karriär als Bréifdréier alles geschafft huet.

Zanter 2018 ass de Serge Freis elo op sengem aktuelle Bréifdréier-Tour ënnerwee.

"D’Pensioun kënnt mat risege Schrëtt méi no"

De Papp vun zwee Kanner, dem Bob an dem Liz, steet no un der Pensioun. Am Mäerz 2026 geet dem Serge Freis seng berufflech Zäit op en Enn. "Den Ament sinn ech nach ganz op meng Aarbecht konzentréiert. Wat duerno kënnt, gesinn ech. Ech hunn eng gutt Fra, déi wäert mech schonn a Beschäftegung halen.", seet de Bréifdréier a laacht dobäi iwwer d’ganzt Gesiicht.
 
E puer Gedanken, wéi et nom Beruffsliewe weidergeet, huet de Serge sech awer scho gemaach. Vëlo fueren, am Gaart schaffen an um Motorrad ënnerwee sinn. Dëst sinn e puer Iddie fir d’Pensioun. Duerno kënnt et awer och ewéi aus der Flënt: "E puer Deeg mat der Fra genéissen, spontan e puer Deeg fortfueren. Langweileg gëtt et mir net an der Pensioun", sou de Bréifdréier wärend eisem Gespréich.
 
"Bréifdréier gëtt kee vun de Kanner", sou de Serge. Allebéid sinn op der Uni. D'Fra schafft och nach. Dat ass d’Jacqui. Si schafft als Infirmière am CHL.

RTL

De Serge Freis, Enn vun den 90er Joren um Postbüro zu Munneref / © Serge Freis

"Bei schlechtem Wieder musse mir eraus, bei guddem däerfe mir eraus"

"D'Deeg ginn ëm ewéi näischt." Dobäi ass dem Serge Freis de Kontakt zu de Leit immens wichteg. An et géif een och mol heiansdo verwinnt ginn. Eng Drëpp kréie wär hautdesdaags net méi de Fall. E klengt Drénkgeld ugangs vum Joer als Merci fir dat vergaangent Joer géif et dofir awer nach Mol ginn.

"Zäiten änneren an eisen Job huet och e bësse geännert"
Heinsdo kritt de Serge Freis och e Stéck Kuch oder Schockela mat op de Wee.

Iwwer d’Arméi koum de Serge Freis zum Job als Bréifdréier. Villes hätt sech an de leschte Jore verännert. "D’Gesellschaft huet sech geännert an dat huet och en Impakt op eise Beruff", sou erkläert hie mir déi aktuell Situatioun. "Fréier hu vill al Leit Rechnungen nach beim Bréifdréier bezuelt." Dat géif et elo guer net méi ginn.

"Chrëschtdag fänkt elo schonn Enn November un"

Duerch de "Black Friday" géife ganz vill Leit online Artikele bestellen. "Dann hu mir zu där Zäit den Auto och ëmmer gutt gelueden", sou de Serge Freis. Roueg wär et virun allem am August. Dat wär d’Summerlach fir d’Bréifdréier.