"94 bis 95 % vun de Leit sinn ukomm"
Ouschtersamschdeg konnt ee sech am Ourdall an op den Éisleker Koppen op en Neits am Ausdauer-Wandere beweisen.
584 Leit si bei der zweeter Oplo vum "Mega Hike" matgaangen. Wéi bei der éischter Editioun zejoert stoungen nees eng ronn 50 Kilometer an der Géigend vu Veianen um Menu. An deene meeschte Participanten a Participanteën hu se gutt geschmaacht: "94 bis 95 % vun de Leit sinn ukomm", esou de Steve Warnier vu Visit Vianden op RTL-Nofro. Den Touriste-Büro vun der Veiner Gemeng an de Wanderveräin "Ourdall Nessknacker" hunn d'Marche zesummen organiséiert.
Chance haten d'Organisateure beim Wieder: moies gutt kill mat vill Niwwel am Ourdall, dono vill Sonn, bei awer ganz mëllen Temperaturen. An och soss wier alles gutt verlaf, Incidente wiere keng gemellt ginn, esou Visit Vianden.
Chronometréiert gouf iwweregens net, well beim "Mega Hike" géif et sech net ëm eng Course handelen. Jidderee sollt a sengem eegene Rhythmus kënne goen, d'Zäit géif keng Roll spillen. Starte konnt een zu Veianen am Kulturzenter Larei a fënnef Zäit-Slotte vun enger hallwer Stonn tëscht 6 an 8 Auer, mat engem leschten Depart also ëm hallwer 9. Déi lescht Leit waren owes kuerz virun 21 Auer am Zil. Wien normal geet, mécht eng 5 Kilometer an der Stonn, zéng Stonne sinn also duerchaus realistesch – Pausen net matgerechent.
Start an Zil vum 50-km-Hike war Veianen: Lassgoung et duerch d'Ourdall laanscht de Stauséi Richtung Norden iwwer Biwels a Stolzebuerg, op der Héicht vum däitsche Gemünd du biergop op Wuelessen, weider op Pëtschent an Nuechtmanescht bis op Branebuerg a vun do aus dann Baastenduerf, fir dann nees via Tandel a Furen hannescht op Veianen ze kommen, déi Kéier da vu Süden erfort eran an d'Our-Stiedchen.

Laanscht d'Our an iwwer Éisleker Koppen: den Trajet vum "Mega Hike 2025" zu Veianen op der App "Komoot".
Ënnerwee konnte sech d'Leit op 8 Statioune stäerken an och e bëssen erblosen respektiv verpléischteren, wat besonnesch zum Schluss hin ëmmer méi néideg war, well wat ee méi Kilometer erof hat, wat ee seng Muskelen a Schanke méi gespuert huet ... oder wat méi Blodere sech bemierkbar gemaach hunn. Ma de Gedanken un d'Finisher-Medail huet déi allermeescht motivéiert, daper duerzehalen.
Drëtt Editioun am Abrëll 2026
De Bilan vun den Organisateure fält dann och ganz positiv aus: "Mir sinn zefridde mam Mega Hike 2025. Et gi wéi ëmmer Klengegkeeten, déi mir verbessere kënnen an och wëllen. Mir haten dëst Joer och e puer Verännerunge vis-a-vis vun 2024 virgeholl – virum allem am Start- an Arrivée-Beräich, wou mir dëst Joer am grousse Sall waren. Mir hunn och eng nei Ticket-Software gehat, déi ons erlaabt huet, Ticketen den Dag selwer méi schnell ze kontrolléieren, wat d'Waardezäit enorm verkierzt huet", esou de Steve Warnier.
De Succès gëtt dem Hike Recht: D'Editioun 2025 mat ronn 600 Leit war bannent 12 Deeg ausverkaaft. An ënnerwee huet een e sëllege Sproochen héieren: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch ...
Enger drëtter Oplo steet dann och näischt am Wee. De geneeën Datum ass zwar nach net decidéiert, et dierft awer nees am Abrëll sinn. An d'Zuel vun de Participanten dierft och liicht eropgesat ginn; trotzdeem heescht et, wuel nees, sech bäizemaachen, esoubal d'Umelle méiglech sinn ... sécher ass sécher.

Endlech ukomm an der Larei: eng Foto virum Finisher-Plakat mat Certificat am Grapp a Medail ëm den Hals. / © Luc Marteling