Zu Bettenduerf um Camping gëtt déi roueg Atmosphär dëse Weekend vu Motorrieder ënnerbrach.

Et ass den éischten internationale Rendez-vous vun den U.B.A.K.A-Chapteren, den "Urban Bulldogs Against Kids Abuse". Wëllkomm ass jiddereen, dee si kenneléiere wëll.

Biker am Déngscht vum Kannerschutz / Reportage Dany Rasqué

Am Zentrum vum Treffe steet de Schutz vum Kand. Wa Kanner gemobbt ginn, kënnen d’Biker si um Schoulwee begleeden an esou fir Respekt bei de Klassekomerode suergen. D’Biker gesi sech als Mediateur, an och wa si duerch hir Tattooen a schwaarz Kutten op den éischte Bléck intimidéiere kéinten, positionéiere si sech kloer géint all Form vu Gewalt. Och Alkohol wier tabu, erkläert de Vize-President vum Lëtzebuerger Chapter, de Georges Theis.

D’Motorradfuerer géifen aktuell vill an d’Schoule goen, fir Virträg ze halen. "Mir wëssen och, dass d’Léierpersonal et net einfach huet, a si sollen och all wëssen, dass mir gäre mam Léierpersonal zesummeschaffen, fir si och z’ënnerstëtzen", erkläert de Georges Theis. 
 
D’Bulldogs betreien aktuell eng 27 Familljen. De Support ka ganz ënnerschiddlech ausgesinn, nieft dem Accompagnement um Schoulwee géif no de Besoine vum Kand gekuckt ginn, betount de Georges Theis: "Mir komme jo direkt an d’Familljen eran, an do gesi mir heiansdo vill Leed ( …) et ass och net ausgeschloss, wann emol Leit eis uschellen, déi mir net begleeden, a mir kënnen et, dann hëllefe mir deenen och finanziell, oder mat Bëbeessaachen, oder eng Schlofkummer". 
 
U.B.A.K.A finanzéiert sech iwwer Donen. All Su géing direkt un déi betreite Famillje goen.