Hëtztwell hin oder hierMasse-Yoga um New Yorker Time Square

RTL Lëtzebuerg
Um Welt-Yoga-Dag sinn och dëst Joer nees honnerte Leit um Time Square zu New York zesummekomm an hunn zesumme Yoga gemaach. An dat bei iwwer 30 Grad.
© AFP

De Welt-Yoga-Dag fält nu mol an de Juni an do ass et och bekanntlech op ville Plazen e bësse méi waarm. Nach méi waarm war et e Freideg zu New York. Matte wärend der Hëtztwell hunn um Time Square honnerte Mënschen zesumme Yoga gemaach an dat bei iwwer 30 Grad.

De ganzen Dag konnten d’Leit op der lieweger Plaz zu Manhattan bei gratis Yoga-Course vun allkéiers enger Stonn matmaachen. Sëllegen Touriste a Spectateure hu sech den ongewéinleche Spektakel ugekuckt an net schlecht gestaunt. Ëmmerhi strecken net all Dag honnerte Mënschen de Pupes an d’Luucht....

Organiséiert huet dat Ganzt d’Times Square Alliance am Kader vum Welt-Yoga-Dag an dat dëst Joer scho fir déi 23. Kéier.

Während einer Hitzewelle und mitten im Trubel des New Yorker Times Square haben Hunderte Menschen gemeinsam Yoga gemacht. Trotz Temperaturen von an die 30 Grad Celsius versammelten sich die Menschen den ganzen Tag über zu einstündigen kostenlosen Kursen auf Verkehrsinseln des belebten Platzes in Manhattan - bestaunt von unzähligen Touristen und Schaulustigen. Die anlässlich des Welt-Yoga-Tages am 21. Juni angebotene Veranstaltung fand in diesem Jahr bereits zum 23. Mal statt.

Back to Top
CIM LOGO