No 38 Joer huet den RTL-Receptionnist a Chauffer eng jett Geschichten ze zielen

© Sarah Cames
37 Joer, 9 Méint a 7 Deeg - esou laang huet de Jeannot Muller, deen e Freideg a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen ass, fir RTL geschafft.
Als Receptionnist a fréiere Chauffer vun der Direktioun huet hie vill bekannt Gesiichter gesinn an nawell e puer interessant Geschichten aus där Zäit ze zielen.
An den Job bei RTL ass hien deemools mat 21 Joer e "bëssen eragerutscht", erënnert hie sech: "Et war relativ einfach, well d'Direkteren deemools, déi sinn ëmmer bei menger Bom hir Schwëster, déi hat e Café zu Schëndels. Déi sinn do ëmmer hiren Apéro drénke gaangen. Mir haten do och am Duerf selwer zwee Stéck, déi bei RTL geschafft hunn an der Receptioun." Wou dunn 1987 an der Receptioun vun der Villa Louvigny eng Plaz fräigouf, war d'Neibesetzung séier gekläert.
An der Zäit hu sech d'Staren d'Klensch an d'Hand ginn
Den Ufank huet de Jeannot Muller nach am Parkservice gemaach, ma no ronn engem Joer war seng Plaz dunn an der Entrée vun der Villa Louvigny an der Stad, vu wou aus RTL deemools nach gesent huet. Wien do d'Receptioun gemaach huet, duerft sech net wonneren, wann och emol deen een oder anere Star duerch d'Diere komm ass. An der Emissioun "Chewing Rock" vum Georges Lang zum Beispill ware reegelméisseg d'Vedetten aus der internationaler Musekszeen op Besuch. "Do hat ech d' Chance, mam Kylie Minogue duerch d'Gebai ze trëppelen", erënnert sech de Jeannot Muller. "Den George Michael war do, d'Janet Jackson war do. Ma do waren och vill franséisch Acteuren, wéi de Jean Lefebvre, de Gérard Depardieu, de Pierre Richard."

De Jeannot Muller virun der Dier vun der Villa Louvigny, deemools Sëtz vun RTL. / © Privat
"Et waren natierlech och e puer där Staren, déi da komm sinn, déi hu mat kengem Mënsch geschwat. Déi haten hire Manager derbäi an déi sinn einfach laanscht gaangen." De Jean Lefebvre zum Beispill ass dem Receptionnist net an esou gudder Erënnerung bliwwen.
Ma och d'Lokalprominenz ass an an aus gaangen. "Ech war schonn nervös, wann ech dohinner komm sinn an eis Lëtzebuerger Presentateure gesinn hunn", esou de Jeannot Muller. "Oder och eis Politiker, den Här [Gaston] Thorn oder den Här [Pierre] Werner. Déi koumen déi Zäit an d'Haus eran, an dat war schonn awer trotzdeem opreegend."
"An der Villa Louvigny hu mir ëmmer gesot, mir wieren eng Famill"
Besonnesch u seng Zäit an der Villa Louvigny erënnert de Jeannot Muller sech gären zeréck. "Bei jiddwerengem stoung ëmmer d'Dier op. Ob dat elo beim Direkter war, oder egal bei wiem. Wa mir de Courrier gemaach hunn, bei iergendengem bass de ëmmer hänke bliwwen." Et wier e familiäert Ëmfeld gewiescht, an deem een och privat vill mateneen ënnerholl hätt. "Mir si Keele spille gaangen, mir haten e Fëscherclub, mir haten e Fussballclub, et ass e Basketclub ginn."
De Jeannot Muller selwer war am RTL-Futtballkader. An engem Gala-Match krute si vun den Anciene vum FC Metz eng Kéier "ferm eng op de Bak" - am sportleche Sënn, wuelverstanen. Ma hien erënnert sech och u vill gutt Momenter: Den alleréischten "Tournoi de la Presse" zum Beispill hat den RTL gewonnen. "Do hu mir als RTL-Spiller souguer Autogrammer ginn!"
Ma de Jeannot Muller souz a senge Jore bei RTL net just an der Receptioun. Vun Ufank der 90er Joren u war hie Chauffer fir d'Direktioun an ass och mam Iwwerdroungscamion gefuer, dee bei RTL deemools de Spëtznumm "Ü-Won" hat. Als passionéierte Motocross-Fuerer huet de Jeannot Muller u sech genuch Erfarung hannert dem Steier, ma ganz ouni Schued ass déi laang Karriär dann trotzdeem net iwwer d'Bün gaangen. Den Iwwerdroungswon, mat deem deemools virun allem Sportsevenementer gesent goufen, houng ëmmer un engem décke Kabel, dee mat enger Këscht mam Gebai verbonne war. "Ech stinn am Rond-point Serra, a bemol hält sech e Mann nieft mech, an deen tut a mécht seng Gesten." Wou de Jeannot Muller bis gemierkt huet, wat geschitt war, war et ze spéit - hie war lassgefuer, ouni de Kabel lasszemaachen. "Déi ganz Këscht war vreckt, et war alles futti. De Kabel war erausgezunn an alles. Si waren net esou frou mat mir, dee Moment."
Ee vun de memorabelste Leit, déi de Jeannot Muller als Chauffer duerch d'Géigend kutschéiert huet, war de fréiere Premier, fréieren EU-Kommissiounspresident an deemolege Generaldirekter vun RTL, de Gaston Thorn. Mat him ass hie méi dacks emol bei de Grand-Duc Jean op Fëschbech gefuer. "Si hu sech gutt kannt", esou de Jeannot Muller. "Dat war déi eenzeg Plaz, wou hie pünktlech war." Hien erënnert sech zeréck un een Dag, wou hie mam Gaston Thorn fir eng Visitt vun enger Firma an der Géigend vu Bréissel vill ze spéit dru war. "Do seet hie ganz dréchen zu mir: 'Jeannot, wann Dir eng Kéier an där Positioun sidd wéi ech, da waarden d'Leit op Iech.'"
Méi Zäit fir d'Famill
De Jeannot Muller ass a senger Zäit als Chauffer vill ronderëmkomm an huet villes gesinn, ma fir d'Famill hat dat natierlech och seng Nodeeler, wann hie spontan gefrot gouf, op Bréissel oder op Paräis ze fueren. "Also et koum schonn emol vir, datt ech eng Woch kee gesinn hunn", erënnert sech de Papp vun dräi Kanner un déi Zäit. Iwwert seng Fra, mat där hien elo 34 Joer bestuet ass, seet de Jeannot Muller: "U sech muss ech him och Merci soen, well hatt huet sech an där Zäit ëm d'Kanner bekëmmert. Ech hunn alt heiansdo geduecht, iergendwann soen d'Kanner - So, wien ass dee Monni, deen do um Dësch sëtzt?" Haut ass seng Fra krankheetsbedéngt net méi esou mobil, ma den Zesummenhalt ass nach ëmmer staark. "Mir sinn en Team. Wéi seet hatt? - Du bass meng Kretsch."
Op säin Abschid an d'Pensioun den 11. Juli bléckt de Jeannot Muller mat engem laachendem an engem kräischenden Aen. "RTL wäert mer op jidder Fall feelen", seet de Receptionnist a fréiere Chauffer. "Mee ech gesi jo nach verschidde Leit heiansdo op der Tëlee." Iwwert de Summer geet et och dëst Joer nees den italieenesche Stelvio mam Vëlo erop, ma wat d'Pensioun duerno esou bréngt - mol kucken. "Warscheinlech vill Aarbechten Doheem. Meng Fra gëtt elo mäin neie Chef."