Den Abbé Henri Gloden ass dout

De Lëtzebuerger Geeschtlechen huet méi wéi en halleft Joerhonnert am El Salvador geschafft. An der Nuecht op e Samschdeg ass e gestuerwen.
Den Henri Gloden ass den 11. Juli 1939 zu Munneref op d'Welt komm an huet seng Kandheet a Jugend zu Mäertert verbruecht.
No sengen Etüden zu Louvain zitt et de jonke Paschtouer a Latäinamerika – fir d'éischt a Bolivien, wou en awer net mam Klima a mat der Héicht eens ginn ass, an dunn an de Salvador, wou en 1969 ukomm ass an ënnert anerem am Aarmequartier vun der Stad Santa Ana geschafft huet.
De Padre Enrique, wéi den Abbé Henri Gloden am El Salvador genannt gouf, ass duerno spirituellen Direkter vum Seminär an der Haaptstad San Salvador ginn an huet tëscht 1992 an 1998 de Bau vun engem Heem fir Stroossekanner zu Santa Ana initiéiert a mat Donen vu Lëtzebuerg finanzéiert.
2003 gëtt d'Fondatioun Luxembourg-El Salvador gegrënnt, fir dem Abbé Henri Gloden seng humanitär Projeten ze ënnerstëtzen. An de leschte Jore goufen och eng Rëtsch Projete mat der Fondatioun Funlasafa ëmgesat.
Den Henri Gloden ass den 11. Juli 2025, also op sengem Gebuertsdag, no méi laanger Krankheet am Alter vu 86 Joer gestuerwen. 56 Joer stoung hien den Äermsten a senger neier, mëttelamerikanescher Heemecht zur Säit. Do gëtt en och begruewen. A senger Doudesannonce heescht et: „In der Nähe der Ärmsten war er Gott am nächsten.“
Eng Mass fir den Henri Gloden gëtt gehalen e Samsdeg, den 2. August 2025 ëm 18:30 Auer an der Porkierch zu Mäertert.

Den Henri Gloden (riets) bei der Aweiung vun Haiser am Salvador, déi 2013 vu Lëtzebuerg kofinanzéiert goufen.