Bis 1963 gouf Eisenäerz aus der Rëmelenger Minn erausgeholl. No 65 Joer war Schluss. Zanter 1973 kann een duerch déi al Minn spadséieren.

Mir sinn am Minett, no un der franséischer Grenz. Zu Rëmeleng, uewen op der Kopp. Hei gouf et bis virun iwwer 60 Joer eng Minn, déi aus 3 Konzessioune bestanen huet. Eng dovunner war d'"Walert". Mëttlerweil ass dës Plaz als "Musée National des Mines" bekannt. Nieft enger Visitt an dës fréier Minn gëtt et hei nach eng flott Spillplaz an e Restaurant. 
Eng 70 Mineuren hunn an der Minn geschafft. Et ware virun allem Lëtzebuerger, Fransousen a Belsch. 
 
Eng "Kathedral" an der Minn
 
Mir sinn eng 90 Meter ënnert dem Buedem. Wärend eiser Visitt vun der Minn komme mir op eng Plaz, déi als "Kathedral" bezeechent gëtt. "Duerch déi markant héich Kuppel hei gëtt dës Plaz Kathedral genannt", sou den Nico Cocard, Guide am Musée des Mines. "Hei goufen et zwou verschidde Couchen. Déi giel an déi gro. Déi giel war ofgedroen an d'Mineure wollten op der Groer weiderschaffen, wéi op eng Kéier alles zesummegefall ass". 
 
En Tour fir Kanner
 
Och d'Kanner kréien en Abléck an dës dacks penibel Aarbecht vun de Mineuren. "Mat de Kanner maache mir en hallwen Tour. Si kréien dann eng Sprengung virgefouert. Ausserdeem kënne si e Buggi drécken, mat enger Pique op de Buedem schloen. Zum Schluss däerfe si op e Stee schloen an deen ofgeschloenen Deel vum Stee kënne si halen a mat heem huelen." 
 
"Gare la mine!"
 
Dat war den Ausdrock vun de Mineuren, wann eng Sprengung prett war. Dann huet et gegollt, sech séier aus dem Stëbs ze maachen, ier et geknuppt huet. "Wann d'Mineuren hir Lächer gebuert a mat Polver gestoppt haten, hu si 3 Mol gejaut: Gare la mine! Deemno wéi vill Lächer si gebuert haten, hu si vu wäitem d'Schëss gezielt. Wa bei 3 gebuerte Lächer nëmmen zwee Knupperte lassgoungen, da war et net, fir direkt nees zréckzelafen. Dann huet et gegollt, mol ze waarden. An Däitschland hu si virun enger Sprengung 'Es brennt! Es brennt! Es brennt!' geruff". 

Den Norbert Valmorbida schafft als Benevole am Musée National des Mines
"Gare la mine!" De Guide erkläert, wou dee Begrëff hierkënnt.

"Ganz am Ufank haten d'Leit 12-Stonne-Schichten, wou si fir en Apel an e Stéck Brout geschafft hunn", sou den Norbert Valmorbida. Hien ass zanter 4 Joer Guide hei an der Rëmelenger Minn. Bis 1918 gouf vu moies 6 bis owes 6 an de Minne geschafft. 1918 gouf d'8-Stonne-Schicht agefouert. 
"Am Ufank gouf et nach keng Gewerkschaft, keng Krankekeess, keng Unfallkeess. Wann e Mineur krank war an e blouf doheem, huet hien näischt verdéngt. Hat en Aarbechter en Accident, hat hie Pech", sou de Guide am RTL-Interview. 
 
Musée des Mines
 
Zanter dem Mee 1973 huet de Musée National des Mines zu Rëmeleng seng Dieren op. "Mir sinn eng Plaz fir Touristen, wou ee virun allem en Abléck an d'Aarbecht vun de Mineure kritt", sou den Denis Klein, Historiker a fräiwëllege Mataarbechter hei am Musée. "Eis Missioun besteet awer och doranner, d'Geschicht vum Lëtzebuerger Biergbau ze conservéieren. Dat geschitt an der Minn selwer awer och an eisem Musée. 150 Joer Geschicht vum Eisenäerzbiergbau ginn hei retracéiert".

Den Denis Klein erzielt iwwer d'Roll vum Musée
D'Geschicht vum Lëtzebuerger Biergbau dem Public erklären.

Vu Juni bis August kann ee bis op méindes all Dag eng Visitt vun der Minn maachen. "Nomëttes ginn all Dag eng 3 Visitten organiséiert. Se kënnen online gebucht ginn. Maximal kréie mir 31 Leit an eisen Zuch. Méi mécht och kee Sënn fir eng flott Visitt an der Minn". Dëst erkläert den Denis Klein. 
Do dernieft ginn et awer och nach eng Partie Spezial-Visitten.

Den Denis Klein am RTL-Interview
Iwwert d'Joer kann een eng ganz Partie u Visitten am Musée zu Rëmeleng maachen.

An der Tëschesaison ass vun donneschdes bis sonndes op a wärend de Wanterméint kann ee sonndes duerch d'Minn mat engem Guide trëppelen. 
18 Guidë schaffen aktuell benevole am Musée National des Mines. Dobäi kommen nach 3 Leit, déi mam Zuch fuere kënnen. D'Visitte ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch organiséiert. Et géif awer och eng ëmmer méi grouss Demande fir Visitten op Englesch ginn. Néi, motivéiert Guidë ginn nach gesicht a gebraucht. 
 
Um Internetsite www.mnm.lu kritt een all weider Informatiounen.