Zürich verbitt "Laubbläser" a "Laubsauger"

Net méi erwënscht um Bord vum Züricher Séi: Stad a Leit hu sech fir e Verbuet vu "Laubbläser" ausgeschwat, well se net gut fir d'Gesondheet sinn an och der Ëmwelt schueden. / © Photo by MARCUS BRANDT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Nom Stad-Parlament hu sech e Sonndeg och d'Biergerinnnen a Bierger kloer fir e Verbuet ausgeschwat. Just elektresch Maschinne bleiwen zäitweis erlaabt.
Wa se bis am Asaz sinn, si se gemenkerhand net ze iwwerhéieren: "d'Laubbläser" oder d'"Souffleurs de feuilles", e verlëtzebuergeschten Terme ewéi "Lafbléiser" huet sech nach net duerchgesat. Gebraucht ginn déi an den Ae vu ville Leit ganz praktesch Maschinne fir Trëttoiren an Afaarte propper ze halen, oder och alt emol fir Wisen an Hecke vu Blieder ze befreien. Entweeder well se fort geblosen oder well se era gesuckelt ginn. Ëmmer méi dacks ginn d'Maschinnen awer och geholl, fir Dreck op eng einfach Manéier z'evakuéieren.
Iwwer iwweräifreg Aarbechter oder superpingeleg Noperen huet ee sech vläicht scho mol deen een oder aneren opgereegt, an der Schwäiz huet dat lo zu eeschte Konsequenze gefouert: "Laubbläser" a "Laubsauger" gi verbueden – op d'mannst emol déi, déi mat Bensinn funktionéieren. Elektresch Apparater bleiwen erlaabt, allerdéngs just vun Oktober bis Dezember, also an de Méint mam meeschte Laf.
Nodeems eng entspriechend Virlag ewell am Zürecher Stad-Parlament gestëmmt gi war, krut se elo och Gréng Luucht vun der Bevëlkerung. Déi war e Sonndeg opgeruff, direkt iwwer sechs Saachen ofzestëmmen, dorënner och d'Verbuet vun de "Laubbläser" resp. "-sauger". An de Verdikt war eendeiteg: Sämtlech Bezierker vun Zürech waren derfir. An zwar kloer: Ronn 62 Prozent vun de Leit wëllen déi Maschinnen aus der Stad hunn.
Net gutt fir d'Gesondheet, net gutt fir d'Ëmwelt
Déi, déi sech fir e Verbuet staark gemaach hunn, hu sech um Kaméidi vun den Apparater gestéiert, déi alt bis zu 100 Dezibel haart kënne sinn, wat der Gesondheet géif schueden. Ausserdeem wierbele se bei all Asaz renge Stëbs ("Feinstaub") an aner geféierlech Partikelen op a verdeele se. A se zerstéieren d'Liewensraim vu klengen Déieren, déi och vu Vigel, Eidechsen a Kéiseker gefriess ginn. Duerch deen zäitlech beschränkten Asaz soll also och d'Natur besser geschützt ginn.
D'Géigner vun der Virlag hunn hirersäits virun enger Iwwerreguléierung gewarnt a gemengt, den Opwand fir Gäertnereie géif elo an d'Luucht goen. Um Enn konnten hir Argumenter awer net iwwerzeegen.
Bei gréissere Manifestatiounen an der Stad soll et awer Ausname ginn, esou datt zum Beispill no engem Cortège och nach "Souffleuren" zu Zürech an den Asaz dierfte kommen.