All d'Lëtzebuerger Programmer déi ee bis elo iwwert UKW/FM lauschtere konnt (mat der Ausnam vun de Lokalradioen) sinn och op DAB+ ze héieren.

Donieft ginn et 5 nei Programmer op DAB+, déi ee bis elo nach net terrestresch zu Lëtzebuerg lauschtere konnt (dorënner RTL Today Radio)

All d’RTL-Sender si vum offizielle Start vum DAB+, den 1. Dezember 2025 un, iwwert DAB+ zu Lëtzebuerg ze empfänken.

Wann den Autoradio DAB+ kann, brauch een do näischt ze maachen. An der Lëscht mat de Sender, déi kënnen empfaange ginn, stinn och d’DAB+ Sender dran. Den Autoradio scannt automatesch no neie Sender, déi en empfänke kann.

Op engem DAB+ Radio doheem muss een normalerweis een neie Scan (Sendersuchlauf) maachen, datt deen déi nei Sender fënnt. Duerno kann ee se och einfach aus enger alphabetescher Lëscht auswielen an als Favoritte späicheren.

Et brauch een awer ee Radio, deen DAB+ kompatibel ass (Autoradioe mussen dat an neien Autoen zanter 2021 sinn), oder een Adapter hunn, deen DAB+ empfänkt.

UKW/FM gëtt zu dësem Zäitpunkt net ausgeschalt. Déi Sender, déi ee bis elo iwwert UKW/FM lauschtere konnt, sende bis op Weideres och an där Norm. DAB+ kënnt als Iwwerdroungswee dobäi. An anere Länner ass UKW/FM schonn ofgeschalt ginn (respektiv gëtt driwwer nogeduecht). Dat mécht awer nëmme Sënn, wann déi grouss Majoritéit vun Nolauschterer iwwert een anere Wee Radio lauschtert.