Verstouss géint d'DéiereschutzgesetzBerliner Tiktokerin däerf Schwäin net méi an Altbau‑Wunneng halen

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Fra aus Berlin däerf hiert Schwäin engem Uerteel no, net méi an hirer Altbau‑Wunneng am véierte Stack halen.
Scho méi laang beschwéiere sech Nopere vun der jonker Fra doriwwer, datt si e Schwäin an hirer Wunneng hält.
© AFP

Eng Tiktokerin aus Berlin däerf hiert Minischwäin net méi an hirer Wunneng halen. De Parquet vu Berlin gesäit an där Haltung e Verstouss géint d'Déiereschutzgesetz, esou am Uerteel vun e Mëttwoch. D'Argument vun der Fra, datt d'Schwäin sech an der 70‑Quadratmeter‑Wunneng fräi beweege kéint "an am Wanter just um Kannapee leie wéilt", huet d'Riichter net iwwerzeegt.

D'Fra mécht reegelméisseg Videoen, déi si beim "Gassi-Goe" mat hirem Schwäin zu Berlin weisen. Déi ongewéinlech Déierenhaltung suergt awer scho méi laang fir Onmutt. Nodeem d'Noperen den Autoritéiten Hiweiser ginn haten, huet d'Bezirksamt d’Fra zu enger aartgerechter Haltung opgefuerdert. Wéi d'Schwäin am November 2023 entlaaf war an d’Police et op enger staark befuerener Strooss opgegraff huet, hunn d'Beamte bei enger Kontroll festgestallt, datt d'Schwäin nach ëmmer an der Wunneng gehale gouf.

Si hat géint d'Ukënnegung aus dem Mäerz 2024 geklot, déi virgesinn huet, datt d'Schwäin baussent vun der Wunneng mat fräiem Auslaf, Wull‑ a Wälzméiglechkeete gehale misst ginn. D’Bezirksamt hat ënner anerem bemängelt, datt d'Déier fir seng Spadséiergäng duerch Berlin reegelméisseg déi véier Stäck Trape misst erofgoen. De Beweegungsapparat vu Schwäi wier awer net fir dofir ausgeluecht.

D'Tiktokerin huet de Virworf vun enger net aartgerechter Haltung zeréckgewisen a betount, datt d'Déier sech vu Fréijoer u reegelméisseg op engem Haff a Brandenburg wälze kéint an och gären am Gaart vun der Famill zu Berlin wier. Et wier als Minischwäi kaaft ginn a géif zum Therapieschwäin ausgebilt ginn. De Parquet huet awer decidéiert, datt fir Minischwäin déi selwecht Ufuerderunge gëlle wéi fir Hausschwäin.

Back to Top
CIM LOGO