D’Claire ass 12 Joer al an huet sech um Weltkannerdag getraut, fir sech virun d’RTL-Kamera ze stellen an e klengen Deel vun der Meteo ze presentéieren. Vum Joëlle krut hatt ganz genee erkläert, wéi hatt dat misst maachen.
Dem Claire säin éischten Androck no der Meteo war positiv, obschonns et immens nervös war. Well d’Meteo gëtt nämlech gemaach, ouni dass en Text ofgespillt gëtt, deen de Presentateur ofliest.
De Reportage iwwert de Making Of vun der Kanner-Meteo kënnt dëse Sonndeg an de Kannaniuuss, um 9 an 18 Auer op der Tëlee, RTL.lu an och op RTL Play.