3. Oktober - Tag der Deutschen EinheitDDR-Zäitzeie Michael Teupel am RTL-Interview

Marie Gales
Vum 7. Oktober 1949 bis de 3. Oktober 1990 gouf et d'DDR an d'Spëtzt vun der Däitscher Demokratescher Republik wollt de Richtege Sozialismus do liewen, duerchgesat an iwwerwaacht duerch de Ministerium für Staatssicherheitsdienst - kuerz Stasi. Fir datt kee fortleeft, mat Mauer a Stacheldrot agespaart.
2025 wurden 100 Portraits von politische Priosnéier vun der Staatssicherheit gewiesen.  Auch das Portrait von Michael Teupel war präsent.
2025 goufen 100 Portraite vu politesche Prisonéier vun der Stasi gewisen. Och de Portrait vum Michael Teupel war derbäi.
© Michael Teupel

De Michael Teupel ass Joergang 1962, gebuer an der DDR zu Bad Frankenhausen an Thüringen an och hie wollt do net bleiwen. Hie wollt déi aner, virun allem fräi Welt erliewen, vun där hien héieren huet, iwwer Radio. An zwar vun RTL Radio Luxemburg. Dat war dem jonke Michael seng Welt, och wann et net erlaabt war, dee Radio ze lauschteren, ma RTL war fir hien iwwerliewenswichteg.

Michael Teupel - RTL Radio Luxemburg ''Heile Welt''

Interview mit deutschen Medien
Interview mat Däitsche Medien
© Michael Teupel

Mat der Bréiffrëndin aus Lëtzebuerg ass kee Kontakt bliwwen, well de Michael Teupel jo wëlles hat fortzegoen an dofir seng ganz Korrespondenz zerstéiert hat, fir keng Spueren ze hannerloossen an och sengen Eltere keng Probleemer ze maachen.
Wéi de Michael Teupel Ufank den 1980er verhaft gi war, war beim Verhéier awer och vum RTL Radio Luxemburg rieds, well seng Noperen ausgesot haten, datt hien dee verbuedene Sender ëmmer nees gelauschtert hätt.

Michael Teupel - RTL Radio Luxemburg ''gelauschtert'

Im Bundestag mit Julia Klöckner, Bundestagpräsidentin
Am Bundestag mat der Bundestagspresidentin Julia Klöckner
© Michael Teupel

D'Mënschlechkeet bei RTL hätt hie bei kengem anere Radio fonnt, och net bei de westdäitsche Radioen. RTL hätt de Mënschen an der DDR imponéiert, dat mierkt hien ëmmer nees wann hien op senge Konferenzen dovunner schwätzt. Och hate vill Mënschen aus der DDR dem RTL deemools geschriwwen, Bréiwer a Kaarten, ma dat hat d'DDR net toleréiert a se goufen ofgefaangen. A genee esou Material huet de Michael Teupel erëmfonnt.

Michael Teupel - RTL Radio Luxemburg ''Kaarten a Bréiwer''

Den 13. Abrëll 2027 ass de Michael Teupel zu Lëtzebuerg fir op engem Spezial Event genee doriwwer ze verzielen. ''Verbotene Wellen - Radio Luxemburg in der DDR'', heescht et dann an der City Bibliothéik an der Stad. Dozou, wéi geféierlech et awer war, verbuede Medien an der DDR ze lauschteren, huet de Michael Teupel eng traureg Geschicht.

Michael Teupel - RTL Radio Luxemburg ''Verbuedene Radio''

Michael Teupel in einer Schule in Niedersachsen.  Sein Vortrag Verraten und verkauft folgten 120 Schüler.
Op der Konferenz ''Verraten und verkauft'' vum Michael Teupel an enger Schoul an Niedersachsen
© Michael Teupel

Elo zum Michael Teupel senger Flucht: Scho mat 17 Joer wollt e flüchten, ma gouf vertréischt op der westdäitscher Ambassade zu Prag, datt en nach soll waarde fir seng Ausrees unzefroen. Schonn eleng esou eng Demande war geféierlech, ma et gouf fir de Michael keng aner Optioun an en huet dunn nach ee Joer gewaart éier hien du säi Fluchtplang a Realitéit ëmgesat huet.

Michael Teupel - ''Flucht''

Bestëmmt kennt een d'Geschichte vu sëllege Fluchten aus der DDR, wéi déi mam Ballon, déi 1979 gegléckt war. Et gouf och mam Panzer probéiert ze flüchten, mat engem Mini-U-Boot fir elo just déi ze nennen. Vill Fluchte goufen awer näischt an hannert all deene stinn traureg Schicksaler.
De Michael Teupel huet d'Flucht iwwerlieft, allerdéngs zu engem deiere Präis; hie gouf verroden, gouf verhaft a koum an de Prisong, zréck an d'DDR. Du souz e fir d'éischt an Untersuchungshaft vun der Stasi zu Halle an der Saale am ''Roter Ochse''. Hie wousst awer Ufanks guer net wou e war an hat Doudesangscht.

Michael Teupel - ''Doudangscht''

No der Untersuchungshaft goung et dunn an de Prisong, de Michael Teupel gouf fir 2 Joer verurteelt.

Michael Teupel - ''Prisong''

Kurz nach meiner Entlassung.  Januar 1982 in Braunfels an der Lahn, Hessen.
Kuerz nodeem s de Michael fräi koum, Januar 1982 zu Braunfels an der Lahn an Hessen
© Michael Teupel

Trotz sengem jonken Alter, ass de Michael Teupel standhaft bliwwen an huet och refuséiert, fir als IM fir d'Stasi ze schaffen, also als "Informelle Mitarbeiter", och wann e fräi komm wier. Et war dann effektiv den Affekot Dr Wolfgang Vogel, deen alles an d'Weeër geleet hat, fir de Michael Teupel fräizekafen.

Michael Teupel - ''Fräikaf''

Mein erster Geburtstag am 3. April 1982 in Freiheit.
Säin 1. Gebuertsdag den 3. Abrëll 1982 a Fräiheet
© Michael Teupel

Hie koum bei Bekannten a Braunfels ënner, ma en huet awer kengem a senger Schoul gesot, datt en aus der DDR wier, dat wollt keen héieren.
De Michael Teupel verzielt net just säi Martyrium an der DDR: hien huet et sech zur Aufgab gemaach, datt déi däischter Säite vun der DDR an d'Mënschen, déi hiert Liewe fir d'Fräiheet ginn hunn, net vergiess ginn. Hien huet eng sëllegen Ausstellungen organiséiert, och iwwer jonk Mënschen, déi op hirer Flucht erschoss goufen, wéi de Fred Woitke, Heiko Runge oder Hartmut Tautz.

Helmstedt Niedersachsen.  Michael Teupel ist initiator zur Einweihung des Fred-Woitke-Platzes.
Zu Helmstedt an Niedersachsen, de Michael Teupel ass den initiateur fir d'Aweiung vun der Fred-Woitke-Plaz
© Michael Teupel

Dem Michael Teupel seng Missioun ass et dofir ze suergen, och elo besonnesch an dësen Zäiten, datt ni vergiess gëtt, wéi et war an der DDR ze liewen. Och wëll hie vermëttelen, wat politesch Onfräiheet, Verfolgung a staatlech Repressioun fir all Mënsch bedeite kann. Hien huet iwwerlieft, a wann een dem Michael Teupel nolauschtert, och Dank RTL.

Back to Top
CIM LOGO