Tëscht 10 an 20 Prozent Fettundeel huet e gesonden erwuessene Männerkierper. Fir op der Bodybuilding-Bün ze bestoen, peilt den Tim Miller ronn 5 Prozent un. Gesond ass dat net, mee dorëms geet et an dësem Sport net: Et zielt eleng d'Optik, wien déi symmetreschste Muskelen huet a se dem Jury am beschte presentéiert. Zanter fënnef Joer trainéiert de 24 Joer alen Educateur gradué fir säi Debut op der Bün a mir suivéieren hien déi lescht aacht Méint vu senger Preparatioun.
Wéi mir den Tim am Januar kenneléieren, ass hien nach an der sougenannter "Offseason" also am Opbau. Enn Februar fänkt dann d'Diät un. Hei ginn d'Kalorie kontinuéierlech no ënne geschrauft, bis e just nach bei 1.800 Kilokalorien den Dag läit – manner wéi d'Hallschent vu sengem reguläre Konsum. “Bodybuilding ass amfong sech bewosst erhéngeren”, erkläert den Tim. D'Zil wier et, dass de Kierper fir de Contest méiglechst "dréchen" ass, dofir gëtt bei de Männer e Kierperfettundeel vu just 5 Prozent ugepeilt.
All Gramm Iessen, den Training an de Schlof si minutiéis getimed a ginn iwwert en Trackingsheet fir säi Coach dokumentéiert. Dat hannerléisst Spueren am Alldag an am Zesummeliewe mat senger Partnerin Liz. Auswäerts iessen oder Familljefeiere falen an de leschte Méint virum Optrëtt praktesch ewech, well d'Kraaft just nach fir d'Aarbecht an den Training duergeet. Am meeschte Respekt huet den Tim am Januar awer nach virum Honger: "Iergendwann kënnt een op de Punkt, wou een dat einfach aushale muss. Do net eng Friessattack ze kréien, dat gëtt schonn en Challenge", esou den Tim.
Um Dag vum Diamond Cup zu Rued-Sir trëtt den Tim an der Kategorie "Men's Classic Physique" un. Eng zousätzlech Schwieregkeet: Hien trainéiert "natural", verzicht also komplett op Substanzen, déi dofir geduecht sinn, seng Leeschtung ze steigeren. Trotzdeem muss hie sech mat de sougenannten "enhanced" Athleete moossen. Wéi de Kierper op der Bün zustane komm ass, spillt fir d'Jury keng Roll: Et geet reng ëm de Gesamtpak an d'Symmetrie.