Zanter Joren ass si engagéiert an den Enrolés de forces an am Comité du Souvenir. Bei de Commemoratiounsfeierlechkeeten um Kanounenhiwwel oder bei der Gëlle Fra ass si ëmmer mat dobäi.
“Ech wëll déi Leit awer éieren, déi gefall si fir Lëtzebuerg”.
Mat 19 Joer ass si an de Reichsarbeitsdienst an an de Kriegshilfsdienst zwangsrekrutéiert ginn. Eréischt 1945 nom Enn vum Krich ass si nees zeréck op Lëtzebuerg komm. “Vergiessen, kann een dat net a verzeien, kann een dat och net”.
D’Maisy Ginter-Bonichaux gouf 1947 bestuet. Si huet zwee Kanner, zwee Enkelkanner an zwee Urenkelkanner. Ronn 60 Lëtzebuerger feieren dëst Joer hiren 100. Gebuertsdag. D’Generatioun, déi an den 20er Jore vum leschte Joerhonnert gebuer ass, gehéiert domadder zu de leschten Zäitzeie vum Zweete Weltkrich.