Däitsche SproochgebrauchD’Onwuert vum Joer 2025 heescht "Sondervermögen"

AFP, iwwersat vun RTL
Mat dësem Begrëff géifen Tatsaache verstoppt ginn, huet d’Jury vun der sproochkritescher Aktioun e Méindeg zu Marburg am Bundesland Hessen als Begrënnung matgedeelt.
© CHRISTIAN LADEMANN/dpa Picture-Alliance via AFP

Demokratesch Debatten iwwer d’Noutwendegkeet vum Ophuele vu Scholde géifen doduerch ënnergruewe ginn. D’Jury huet eng “konfus a euphemistesch” Bedeitung vum Wuert an eng “manipulativ Wierkung” kritiséiert.

Den Ausdrock hätt 2025 déi politesch Debatten iwwer Staatsverschëldung gepräägt. Am Alldag versteet een ënner “Sondervermögen” éischter eng speziell Mass u Verméigen, déi vum Gesamtverméige getrennt ass.

De Begrëff selwer kënnt ursprénglech aus der wirtschaftlecher a juristescher Fachsprooch. Am Fachdiskurs iwwer de Staatsbudget ass e “Sondervermögen”, e sougenannten Niewe-Budget. Dee gëtt ageriicht fir bestëmmten Aufgaben ze erfëllen an ass mat enger Scholdenopnam verbonnen.

Back to Top
CIM LOGO