
Et kléngt bal wéi an engem Film. En Dënschdeg sinn am Maajanei Hajeschuah Spidol bei Tel Aviv bannent puer Stonnen dräi Bridder Papp gi vu véier Kanner. Eng Spriecherin aus der Klinik huet de seelene Virfall confirméiert. Ënnert deene véier Kanner waren och Zwillingen. Et wier e “besonneschen an iwwerraschende Moment” gewiescht. Keng Statistik hätt se op dee Moment kënne virbereeden, sou d’Porte-parole vum Spidol weider.
Israel verzeechent mat duerchschnëttlech 2,9 Kanner pro Fra den héchsten Taux u Gebuerten an den OECD-Länner. Esou en Ereegnis bleift awer mat Sécherheet eng Seelenheet. D’Grousseltere solle sech iwwregens och gefreet hunn. Véier Enkelen op engem Dag. Dat kann net jidderee vu sech behaapten.