Gebuer ass de Matthias “Metty” Krings den 13. September 1943 zu Gerolstein an ass ënnert anerem zu Dillingen direkt bei der Lëtzebuerger Grenz an d’Schoul gaangen. Wat vill Leit guer net wëssen: De Metty heescht an sech net net “Metty”, mä Peter Paul Krings. De Wiessel koum, nodeems hie spéider, also 1974, bei RTL Radio zu Lëtzebuerg ugefaangen huet. De Grond: et gouf schonn e Moderator mam Numm Peter gouf, de Peter Trunk.
Sou huet hien den Numm vu sengem Papp iwwerholl an heescht zënterhier Matthias oder Metty Krings, wéi d’Lëtzebuerger en eben och haut nach kennen. Eppes dat de Krings ufanks net sou gären hat, ma u wat hie sech an de Joren awer dru gewinnt huet. Haut gëtt hien am allerléifste mat “Metty” ugeschwat, un deem Numm géif hien hänken, do wier “Häerzblutt” drun, wéi hien eis am Interview erzielt.
Wisou de Metty am Joer 1997 déi Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft ugeholl huet, war ganz einfach dowéinst, well hie mat der Lëtzebuerger Moderatrice Bibi Wintersdorf bestuet war an e Kand hat, déi alle béid Lëtzebuerger waren. Nodeems dann och nach berufflech Liene mat Lëtzebuerg an de Joren entstane sinn, war dat fir hien e logeschen an natierleche Schratt.
“Virun allem wann ee jonk ass, denkt een dacks driwwer no, wéi et mol ass, wann ee méi al ass. Hei kënnt engem dacks eng Persoun an de Sënn, déi al a gescheit ass, d’Welt gesinn huet. Sou wier et awer net”, sou de Metty. Hie géif sech ëmmer nach wéi e Kand spieren an och sou denken. Fir de Metty Krings ass et wichteg, och am Alter vun 80 Joer weiderhin erstaunt a virwëtzeg ze sinn an och esou an d’'Welt ze kucken. Dat ass et, wat hien undreift. Pessimistesch an d’Zukunft kucken, ass näischt fir de Metty Krings.
Grondsätzlech kéint een net an Zukunft kucken, just dono iwwert d’Vergaangenheet eventuell reflektéieren: “Mir kënnen net an d’Zukunft kucken. An ech muss soen, et mécht mer Spaass an ech hu vill Feeler gemaach a si vill Ëmweeër gaangen. Awer ech hunn elo mat mengem momentaner Liewensgefäertin e Punkt a mengem Liewen erreecht, wou ech geduecht hunn: Kuck emol do, et huet sech awer gelount duerchzehalen.”
D’Liewen ass fir de Metty keen “Zäit-Stral”, mä bei him ass alles gläichzäiteg souzesoen. Hie géif nach ganz genee wëssen, wéi e sech als Kand gefillt huet a wéi eleng een och als Kand ka sinn, wéi onverstanen, an awer du spéider erfollegräich. D’Liewe wier wéi e grousse Kuef un Erënnerungen, an deen een ëmmer nees era gräife kann.
An de Metty ass zefridden, wéi säi Liewe bis elo gelaf ass, och wann natierlech net alles perfekt war: “Dach, bei verschiddene Plazen a mengem Liewen wéisst ech natierlech haut, ‘dat häss de deemools anescht maache kënnen’. Ech konnt et awer net an domat ass et sou gelaf. Et hätt keen Zweck. dann ze soen: ‘Oh jo, wann ech et nach eemol ze maachen hätt, da géif ech deen anere Wee goen.’ Dat ass Quatsch. Et ass sou gelaf a sou war et och gutt. Also wann ech eng Benoutung maache misst: mat 70% vu mengem Liewen, wéi ech et gemaach hunn, wier ech zefridden. Et goufen ëmmer Saachen, wou ech soen, wéi konnts du Dabo dat maachen, wéi konnts du do sou reagéieren. Mä mir si Mënschen, mir si keng Engelen.”“Rou” ass iwwregens eppes, dat hie sech scho mëttlerweil wënscht, ma op hien dat fënnt, sou wéi hie sech dat virstellt, sief dohinner gestallt. D’Liewe bedeit fir hie “stänneg a Beweegung ze sinn”, eppes dat hien och op d’Zukunft vun eis alleguerte projezéiert. “Wann d’Liewe sech sou verhält, wéi déi 4 Milliarde Jore virdrun, gëtt et ëmmer nees e Wee, et wäert ëmmer weidergoen”, sou dem Krings seng dann dach optimistesch Astellung an Aussiicht fir déi kommende Joren a Joerzéngten vun der Mënschheet.
D’Saache kommeloossen, wéi se kommen, ouni fest Ziler virun Aen, dat ass definitiv dem Metty Krings seng Devise, säi Mantra. Dass seng Sendungen haut nach ëmmer Jonk an Al kennen, freet hien, ma war ni e Wonsch oder en Zil, et huet sech “ebe sou entwéckelt”. An dës Philosophie zitt natierlech och Feeler mat sech mat, “spontan geet ni komplett glat”.
Ugedriwwe gëtt hien ëmmer nach vun deene Saachen, déi hien als Kand oder jonke Mann ugedriwwen hunn. De Metty Krings huet nämlech net een Talent, ma e puer: Musek, Zeechnen, Schreiwen, Konscht, alles Interessen, déi hie vu Kand un hat. Wann hie sech mol gelangweilt huet an der Schoul, huet hie sech vun do verzunn a konnt och séier vun engem Talent an dat aner iwwergoen. Stëllstand a bei engem Talent bleiwen, schéngt net an d’Welt vun him ze passen. “Dat ass e grousst Gléck, awer och e grousst Pech”, sou de Metty, a mécht kloer, dass dës de Virwëtzt wuel mat sech bréngt.
Heizou gehéiert och, sech op nei Technologien anzeloossen, oppen fir Neies bleiwen. Hei géif hien ëmmer méi erkennen, dass Leit a sengem Alter sech net méi géifen dofir interesséieren, eppes dat de Metty nëmme schwéier novollzéie kann. Hien ass frou, dass hie Whatsapp a Co nach materliewen dierf.
Sech géint déi sozial Medien an déi nei Technologie ze verspären oder z’ignoréieren, wier “idiotesch”, dovunner ass de Metty Krings iwwerzeegt, oder anescht formuléiert: “Die Zahnpasta kriegst du nicht mehr in die Tube rein”, et misst een elo domat liewen, op engem dat gefält oder net. Den Internet hätt säi Liewe staark beräichert, deene negativen Aspekter, déi et online ginn, géif hien einfach aus dem Wee goen. Hien ass sech och sécher, dass een deemools, wéi hie bei RTL aktiv war, also déi “gëllen Zäiten” wéi hie seet, also d'70er an d'80er-Joren, een dës Technologien och mat agebaut a genotzt hätt. Op alle Fäll, sou de Krings, wier de Feedback nach méi staark gewiescht. Mat Postkaarte kéint ee schlecht Feedback ginn, dat hätt alles ze vill laang gedauert.
Rotschléi gëtt de Metty Krings iwwregens ongär, hien huet der och ongär deemools ugeholl. Ma een hätt hien awer: “Wann een net weess, wat ee soll ginn, da muss ee sou vill wéi méiglech ausprobéieren”. Dass Leit no hirem BAC beispillsweis net wësse, wat se se maache sollen, kann hie net wierklech novollzéien. Erfarunge sammelen, Formatioune maachen, op vill verschidde Plaze “schnuppere” goen oder eege kreativ Projete starten, wier alles extrem wichteg. Genee sou huet et och de Metty gemaach, sief et scho fréi musizéiert, Museksgruppe gehat, Texter geschriwwen, gezeechent oder ebe Radio gemaach.
En Optrëtt bei de “Montagsmaler” mam Frank Elstner am Südwestfunk sollt Mëtt de 70er Joren e wichtege Moment fir hie ginn. Dem bekannten däitsche Moderator war de Krings, deen als Kandidat un der Sendung deelgeholl hat, direkt positiv opgefall an huet ëm virgeschloen, mol säi Gléck als Radio-Moderator bei RTL zu Lëtzebuerg ze versichen. Séier hat de Metty Krings dann och e Rendezvous an der Villa Louvigny an huet dunn, no engem Mount Proufzäit 1974 op RTL Radio duerfte moderéieren. Dofir huet hien dann och seng Plaz als Schoulmeeschter un den Nol gehaangen.
De Metty Krings erzielt dann, dass d’Schoul hien ufanks net goe loosse wollt, wat hie geéiert huet. Ma dann dach ass hie goe gelooss ginn, dat, wéi hie seet, “vun engem Chef, eriwwer bei säin neie Chef”, de Frank Elstner. Op senger neie Plaz huet hie sech dann och direkt wuelgefillt, dat virun allem och ënnert engem Gust Graas, dem fréieren CLT-Generaldirekter, deen deemools Manager a Moler war. Eng Mëschung, déi dem Metty Krings natierlech gefall huet.
Beim Radio ass et jo bekannterweis net bliwwen, sou dass, nodeems RTL Tëlee ëmmer méi Form kritt huet, och relativ séier matagebonne gouf. Seng Talenter waren also och virun der Kamera, an net just hannert dem Mikro. Sou koum hien da vun 1984 un bei d’Tëlee an huet hei bei Produktioune wéi RTL Mini-Plus, Wer bin ich, Mettys Mäuse-Marathon fir den ZDF, Super, Metty! an natierlech seng bekanntsten a beléiftste Sendung mam Li-La-Launebär.
D’Iddi dofir koum him, wärend deem hie Kannerlidder geschriwwen huet, eent vum Metty senge villen Talenter. Hei ass him d’Lidd vum Li-La-Launebär an de Kapp komm, iwwert e Bier, dee Saache maachen duerft, déi Kanner a sech net dierfen. Kanner solle jo gutt erzu sinn, sou de Metty, bei Erwuessene gëllt dat dann dacks op eemol manner. Den Numm vun der Emissioun kënnt iwwregens net vun der Faarf “Lila”, mä well de Bier an der Sendung mol “Li” mol “La” ass, also mol gutt gelaunt oder mol schlecht gelaunt. Sou ass d’Lidd dunn entstanen.
An op Basis dovunner ass dunn d’Iddi weidergesponne ginn an d’Sendung op RTL war gebuer. Den éischten Episod iwwregens war ouni de Bier, dee koum eréischt dono dobäi. Well de Bier awer kloer “d’Flagschëff” vun der Sendung war, dat scho wéinst dem Numm, koum dunn awer séier eng Popp no. Dat a Form vun engem Bier, dee schwätze kann a mam Metty zesummen an enger Wunneng lieft an ëmmer nees Neies erlieft. Hei ass dat pedagogescht Element fir hie wichteg, och wann et ëmmer e wéineg verstoppt war. Dëst war fir de Metty Krings ëmmer e wichtege Bestanddeel vun all sengen Emissiounen. “Kanner sollen net méi domm aus menge Sendungen erausgoen, wéi se rakomm sinn”, sou resuméiert de Metty treffend.
An nëmmen dräi Wochen huet de Poppe-Mécher Dieter Kieselstein de Li-La-Launebier fir hie fäerdeg gestallt, dat op Basis vun Zeechnunge vum Metty Krings. Zefridde war hien ufanks awer net mam Resultat, well en dann dach anescht ausgesinn huet, wéi den Entworf. Ma haut kéint de Metty sech nimools virstellen, dass en anescht géif ausgesinn oder souguer sou, wéi op sengen Zeechnungen.
D’Emissioun selwer ass tëscht 1989-1994 gelaf, dono war d’Emissioun dem Sender ze deier ginn an Disney huet de Sendere fir am Verglach wéineg Geld Zeechentrick-Sendunge verkaaft, déi dunn moies am Programm gelaf sinn amplaz déi am Verglach deier produzéiert Emissiounen. Déi leschte Sendung op der Tëlee, déi e gemaach huet, war Super, Metty! op Super RTL mat der Maus Ikarus, déi nach bis 2003 ausgestraalt gouf.
Mat wat d’Leit mam Metty awer a Verbindung bréngen, och wann dat just en Deel vu senger kënschtlerescher Lafbunn war, war an ass definitiv Li-La-Launebär. Joren dono ass him eréischt bewosst ginn, wéi wichteg hien a seng Sendung fir aner Leit vun dëser Generatioun war.