Lëtzebuerger bei Survival-Show 7vswild"Meng Chancen ze gewannen, schätzen ech relativ héich an"

Anouk Siebenaler
7vswild wäert vum 23. Oktober un op Amazon Prime diffuséiert ginn.
De Jang Ludi bei 7vswild
7vswild wäert vum 23. Oktober un op Amazon Prime diffuséiert ginn.

De Jang Ludi konnt sech an der Wildcard-Competitioun géint 29 Konkurrenten duerchsetzen an huet sech domat fir déi sechst Staffel vu 7vswild qualifizéiert.

D’Konzept vu 7vswild ass séier erkläert: Siwe Persoune solle wärend siwen Deeg eleng an der wëller Natur iwwerliewen, dat Ganzt mat just siwe Géigestänn am Gepäck. D'Survival-Format, wat ursprénglech op Youtube ugefaangen huet, huet sech mëttlerweil en Numm gemaach a geet elo an di sechste Staffel. Mat dobäi ass dëst Joer e Lëtzebuerger, dee sech an der Kompetitioun ëm d'Wildcard géint 29 Konkurrenten duerchgesat huet.

Scho laang war et dem Lëtzebuerger Handwierker säin Dram, eemol Deel vun der Show 7vswild ze sinn an hei seng Survival-Fäegkeeten ënner Beweis ze stellen. Gewéinlech ass dës Experienz bekannte YouTuber virenthalen, ma dëst Joer gouf et an enger Virronn d’Chance, eng Wildcard fir d’Haaptshow ze gewannen. Dofir misst ee sech awer fir d’éischt emol mat engem Bewerbungsvideo an engem Onlinevoting géint 150 aner Participanten duerchsetzen.

"Realistesch hunn ech meng Chance géint der Null gesinn (...) Ech sinn en introvertéierte Mënsch a mech esou ze presentéieren, fält mer net einfach. Ech hunn einfach jiddereen ugeschriwwen a gefrot, fir mech ze voten. Dat war mäin eigentlechen Challenge. Alles wat dono komm ass, war einfach", erkläert de Jang "Ludi".

Richteg un d’Limitten hätten d’Challengë vun der Virentscheedung hien net bruecht, mengt hie réckbléckend. Déi richteg Erausfuerderung géif hien dann elo hoffentlech an der Haaptemissioun erwaarden, wou hie siwen Deeg eleng an der Wildnis iwwerliewe muss. Wéi eng siwe Géigestänn e mathuele wäert, steet Ufank Juli nach net sou ganz final fest, ma de Jang weist sech optimistesch, gutt preparéiert ze sinn:
"Am meeschte Respekt hunn ech do virdrun, net ze wëssen, wou et higeet. Alles anescht, siwen Deeg ouni z’iessen, dat kritt een hin. Ech liese grad och e Buch iwwer planzlech Noutnarung oder et fänkt een halt e Fësch oder esou".

Mat senger Bewerbung fir d’Wildcard ass beim Jang och de Wonsch gebuer, sech als Content Creator ze etabléieren. Knapp 600 Abonente hat e bis Juli scho gewonnen. Wa säi Plang opgeet, gewënnt e mat der Ausstralung vun der Haaptshow weider u Bekanntheet a kéint iergendwann villäicht esouguer esou säi Geld verdéngen. Dass en an der sechster Staffel vu 7vswild gutt ofschneide wäert, dorun zweiwelt en nämlech net.

"Ausser dass mer eppes geschitt, wéisst ech net, firwat ech et net packe sollt (...) Ech schätze meng Chance relativ héich an, och do nach emol ze gewannen".

7vswild wäert vum 23. Oktober un op Amazon Prime diffuséiert ginn.

De Jang Ludi am Interview um Radio

Back to Top
CIM LOGO