
D’Fra vu 35 Joer gëtt haut Yoga-Coursen zu Lëtzebuerg an an der Welt. Am Sonndesinterview schwätzt si iwwert hir “Healing Journey”, d’Spiritualitéit a wisou se Yoga net méi aus hirem Liewen ewechdenke kann.
“Ech sinn d’Maura, an der Yoga-Welt kennt ee mech als Maura Explorer. Ech si leidenschaftlech an och Vollzäit Yogaproff aus Lëtzebuerg. Wat mir wichteg ass, ass dass Yoga accessibel ass an och, dass mer Spaass hunn, wa mer Yoga maachen.”
“Nee, ech hunn a London Event a Business Management studéiert, dat war deemools meng Leidenschaft. A spéider hunn ech do an Events, Marketing an als Entrepreneur mat enger eegener App geschafft. Mee, ech sinn éierlech, ech war e Workaholic.”
“Ech hunn Dag an Nuecht geschafft an dat huet mer och bis op ee Punkt wierklech gefall, mee ab engem Punkt ass dat mer op eemol ze vill ginn. [...] Fir Stress ofzebauen… ech hunn immens vill gedronk. Mäi Liewensstil huet sech ganz geännert, et war net méi gesond, och net mental.”
“All Kéiers, wann ech op meng Matt gaange sinn, ech hu mech gefillt wéi doheem. Also eng sécher Plaz. An dat huet mech esou interesséiert, dass ech mir geduecht hunn, ech wëll méi léieren. 2017 hunn ech decidéiert vu London fortzegoen. Ech hunn alles zréckgelooss.”
“Ech sinn an Indien gaangen, fir en Training ze maachen, duerno an Thailand. Ech wollt ëmmer weider léieren, ech sinn net nëmme Workaholic, awer och Student for Life. Et war éischter eng Healing Journey, fir mech ze heelen.”
“Ech war jorelaang um Spueren an ech hunn ëmmer geschafft, Karma Yoga, an der Kiche gehollef, op enger Farm geschafft, Marketing fir Clienten zu London. Ech sinn en Iwwerliewenskënschtler.”
“Lo grad maachen ech nach e Studium am Neuro-Yoga, dat heescht alles, wat mam Gehier ze dinn huet an dem Nerve-System. Et geet drëm, de Kierper besser z’ënnerstëtzen.”
“Säit Oktober 2024 maachen ech dat Vollzäit. An ech bereien et net. Et gefält mer immens gutt. Ech hu méi Zäit fir mech, fir meng Famill. Et ass nach ëmmer en Hustle, mee ech fille mech gutt.”
„Meng nächst Rees ass Éisträich op e Yoga-Festival, duerno Thailand op eng Yoga-Konferenz. Ech deele gär meng Leidenschaft.”
“Ganz vill. D’Leit hunn en iwwerfëllte Programm. Mee d’Gesondheet geet vir. Ech fannen dat wichteg, dass mer esou en Espace schafen, wou d’Leit kënnen erofkommen. Yoga kann hei wierklech eng Hëllef sinn.”
“Wann een iwwer Spiritualitéit schwätzt, da gesäit een direkt e Jogi, deen do sëtzt a meditéiert. Mee fir mech ass et alles, wou ee mat sech an Aklang kënnt. Et muss net spektakulär sinn, just e Moment fir dech.”
“Meng Freed ass et, moies kënnen opzestoen ouni Stress. D’Fräiheet ze hunn, dass ech meng Prioritéit sinn. Meng Famill, meng Gesondheet. Dat ass fir mech Gléck.”