Verstoppte PräiserhéijungMilka Alpenmilch ass d'"Mogelpackung des Jahres 2025"

Tom Nols
Nach ni ware sech esouvill Usere vun der Verbraucherzentrale Hamburg eens. Milka hu bei hirer Alpenmilch-Schokolade am meeschte gefuddelt, an hunn dowéinst deen negativen "Titel" verdéngt.
Hei waren nach 100 Gramm Schockela dran
Hei waren nach 100 Gramm Schockela dran
© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

Mat grousser Majoritéit ass via Onlinevott vun der Verbraucherzentrale Hamburg d’Alpenmilch Schokolade vu Milka zur sougenannter “Mogelpackung des Jahres 2025" gewielt ginn. Nach ni an der 12 Joer laanger Geschicht vun deem Voting huet e Produit esouvill Stëmme kritt. Vun de 34.731 Persounen, déi deelgeholl hunn, waren der 66,7 Prozent fir de Schockela vu Milka.

Ufank 2025 war d’Gewiicht vun enger Tablett vun 100 op 90 Gramm erofgaangen, de Präis awer vun 1,49 op 1,99 Euro geklommen. Dat entsprécht enger Präiserhéijung vun 48 Prozent. Déi subtil Reduzéierung vun der Quantitéit, vu bausse kaum z’erkennen, ass ville Leit sauer opgestouss.

Schonn am Juli 2025 hat d’Verbraucherorganisatioun Foodwatch de concernéierte Schockela vu Milka als déi “dreisteste Werbelüge des Jahres” betitelt. A wéi et schéngt, huet den Image vu Milka zanterhier gelidden, wéi de Fuerschungsinstitut YouGov mellt. Trotzdeem hätte Mondelez, deenen d’Mark Milka gehéiert, hirem Ëmsaz bis zum drëtte Quartal 2025 kënne steigeren - virun allem duerch méi héich Präisser.

Mat dësem negative Präis ass d’Geschicht awer nach net eriwwer. Mondelez Däitschland GmbH ass vun der Verbraucherzentrale Hamburg verklot ginn a wäert sech virum Landgericht Bremen musse veräntweren.

Back to Top
CIM LOGO