
D'Locatiounsplattform verschäerft hir Virgabe fir Ubidder vu Wunnengen. Dës däerfen hire Gäscht an Zukunft nämlech däitlech manner virschreiwen. Feedback vun Airbnb-Utilisateuren hätt nämlech erginn, datt d'Reegele vu bis ewell dacks komplizéiert a "schwéier ëmsetzbar" gewiescht wieren, esou d'Entreprise en Donneschdeg. Dowéinst géinge se elo iwwerschafft ginn.
Déi an dëser Woch verëffentlecht nei Virgaben, déi fir Reservatioune vum 20, November u gëllen, verbidden et Proprietären, vun hire Gäscht ze verlaangen, "Aufgaben z'erleedegen, déi erhieflechen Opwand oder Zäit fuerderen oder normalerweis vun enger Botzkraaft iwwerholl ginn". Als Beispiller goufen d'Ofzéie vu Better, d'Entsuerge vun Dreck baussent der Wunneng an d'Spullen a Raume vu Geschier genannt.
Vu Gäscht däerf awer weider verlaangt ginn, knaschtegt Geschier an d'Spull ze stellen oder den Offall ze trennen. Bei Reegelverstéiss kënnen d'Proprietären allerdéngs keng Geldstrofe méi verhänken. Amplaz solle se fir eventuell Degâten eng Entschiedegung iwwer déi vun Airbnb bereetgestallt Versécherung ufroen.