Sonndesinterview mam Gibbes Bertolo"Eppes, wat ech ni wollt maachen" – um Enn goufen et "40 Joer"

Carine Lemmer
Op sengem leschte Schaffdag kucke mer mam Gibbes Bertolo op seng Zäit bei RTL zeréck.
© Carine Lemmer

Déi 40 Joer Karriär bei RTL sinn duerch Zoufall entstanen. Et war de Brudder, deen déi gutt Iddi hat, fir dach “emol bei RTL unzeruffen” wéinst “Radio a Musek, dat passt dach zesummen an ass villäicht eppes fir dech”. De jonken deemools nach Gilbert Bertolo (de Gibbes koum eréischt no e puer Joer RTL) vun Diddeleng hat 1985 seng Première an der Täsch a wousst net sou richteg, wat berufflech maachen.

Bal Beruffsmuseker ginn

Mam Radio hat hie bis dohinner “null Kontakt”. Beruffsmuseker war eng Pist. De Gibbes huet Cor gespillt, also Horn, esou wéi och schonn säi Papp. Hie hat eng F (Musek)-Sektioun gemaach, war an der Diddelenger Musek a war “Renfort” am RTL-Orchester. Mä d’Üben huet ëmmer manner Spaass gemaach, grad wéi d’Nervositéit bei de Live-Optrëtter. An de Beruffswonsch Museker gouf fale gelooss.

Den Uruff bei RTL virun eppes méi wéi 40 Joer hat op alle Fall Succès. Dorausser ass e Stage entstane vun e puer Woche beim Radio: Nokucken, léieren, Manifestatiounskalenner tippen... bis no 2 Wochen de Fernand Mathes eng Kéier krank war a fir d’Rockkëscht ausgefall ass. An de “jonke Kärel” Gibbes hat seng éischt Live-Emissioun, eng Erausfuerderung fir een, dee sech deemools besser an der klassescher Musek auskannt huet a Rock nach huet misse léieren.

Déi 1. Live-Emissioun no just zwou Wochen
Als Student gouf de Gibbes an d’Kaalt Waasser gehäit an huet spontan misste fir e Krankheetsfall live op d’Antenne.

Als Diddelenger gees de eng Kéier op d’Arbed schaffen

Ugangs war keng fest Plaz um Radio fräi an esou ass den Diddelenger Jong op d’Arbed op Esch-Schëffleng an der “Service commercial” schaffe gaangen, “als Diddelenger gees de eng Kéier op d’Arbed schaffen, dat muss sou sinn”. Awer just 3 bis 4 Méint... bis nees en Telefonsuruff koum. Et wier ee gaangen an hie kéint sech jo mol mellen. De Rescht ass: Geschicht.

Vu Placken, iwwer CDe bis zum Musekscomputer

D’Passioun fir d’Musek zitt sech duerch déi laang RTL-Karriär. Haut kënnt d’Musek vum Computer. De Musekschef mécht d’Selektioun. An den 80er Jore goufen awer nach Placken opgeluecht an d’Techniker ware ganz wichteg. “Eng 15 Techniker hate mer an der Villa, och fir déi aner Programmer. A mir haten eng Diskothéik, e Raum, mat LPen a Singelen”, wou de Choix fir d’Emissioun gemaach gouf oder et huet een en Disk vun doheem matbruecht. De Programm gouf mat der Schreifmaschinn getippt an den Techniker krut eng Këscht mat de Placken an eng genee Lëscht, wéi eng Lidder hie sollt spillen. Ugangs vun den 90er huet den Animateur, de “Speaker”, dat misse selwer maachen. “Dat war Stress, do waars de no dräi Stonne vreckt. Do has de och kierperlech geschafft!”. Déi éischt CD bei RTL war iwwregens 1986 “Brothers in Arms” vun Dire Straits.

Wat soll ee beim Radio net maachen?
Lafen, éier een op d’Antenn geet oder e Patt virun der Emissioun huelen... De Gibbes weess, wat een um Radio net soll maachen.

Liblingsemissioun: Sonndes-Duell

“Ech wollt sonndes eppes anescht maachen, eng aner Musek spillen.”
Gibbes Bertolo iwwer de Sonndesduell

Haut kann een als RTL-Animateur d’Musek net méi selwer eraussichen... ausser beim “Sonndes-Duell”. “Dat war och meng Conditioun, ech wollt sonndes eppes anescht maachen, eng aner Musek spillen”. 8 Joer laang gouf et elo de Sonndes-Duell a mam Gibbes geet d’Emissioun d’nächst Joer an d’Pensioun. No 416 Editiounen. “Am Endeffekt war de Sonndesduell meng Liiblingsemissioun. Et war meng Musek, du krus Feedback, an ech war mer ni ze schued sonndes aus dem Bett ze klammen.

Noriichten oder Tëlee maache waren ni eppes fir hien. “Déi beschten Zäit um Radio waren d’Ausleefer vun der Villa an d’Ufankszäit dono um Kierchbierg. Wou ee scho méi fest am Suedel war a Routine hat. A mat den Aarbechtskolleegen, déi Frënn gi sinn, owes am Bistro nach de Radio wollt revolutionéieren.

Den Numm Gibbes ass eréischt no e puer Joer RTL entstanen. “Warscheinlech aus Lidderegkeet, sou wéi Misch oder Dan, well et méi kuerz ass.” Bis dohinner war et nach de Gilbert. En zweeten RTL-Numm gëtt et och nach, dat ass den “Djaibs”, deen och haut nach vun e puer gebraucht gëtt.

Beschte Radiomoment: Interview mam Luciano Pavarotti

Wat war déi schéinsten Zäit an de flottste Radiomoment?
Dem Gibbes huet d’Lag vun der Villa Louvigny am Park besonnesch gefall a besonnesch an Erënnerung bleift him e ganz speziellen Interview.

Fréier gouf et nach méi Pressereesen. Eng Croisière op déi Kleng Antillen an e Mëttegiessen zu St. Barth am wäisse Sand zielen zu sengen Highlights. Grad wéi d’Presserees op d’Futtball-Weltmeeschterschaft 1994 an d’USA, mat der Finall zu Passadena tëscht Brasilien an Italien. “Mat leider deem net gudden Ausgang fir Italien.” De Futtball-Fans wäert de verschossenen Eelefmeter vum Roberto Baggio nach an Erënnerung sinn.

De beschten Interview an ee vu senge schéinste Radiomomenter hat de Gibbes mam Luciano Pavarotti, “der Stëmm vum Joerhonnert”, an der Summerresidenz zu Pesaro, wou och nach Bertolo-Famill wunnt. De “Klingeltoun” vum Handy ass och haut nach ëmmer de Pavarotti aus dem Interview vun deemools.

Pavarotti als Klingeltoun


Bonusvideoen

Relatioun mam Nolauschterer

“Egal wien hien ass a vu wou hie kënnt: Respektéier ëmmer däin Nolauschterer”
D’Micky Bintz zum jonke Gilbert Bertolo
Relatioun mam Nolauschterer/der Nolauschterin
De Gibbes huet nach haut den Tipp vu senger Formatrice am Kapp: Egal wien däin Nolauschterer ass, respektéier hien oder hatt.

Gëtt ee reegelméisseg erkannt?

“Wann et fäerdeg ass, rufft Dir mir un?” - “Jo, um 1330?”
De Gibbes Bertolo iwwer eng Situatioun an engem Geschäft zu Diddeleng
Gëtt ee reegelméisseg erkannt?
Et kënnt zwar manner dacks vir, wéi bei de Kolleege vun der Tëlee, an awer gëtt een als Radiosanimateur emol erkannt.

Wat kënnt elo?

“Déi dräi ‘R’en: déi berüümten Raschten, Reesen - a wat war et nach - Raumen!”
De Gibbes Bertolo iwwer d’Pensioun
Wat mëss de dann elo an denger Pensioun, Gibbes?
Raschten, Reesen a Raumen steet no der aktiver Zäit um Radio um Programm. Ma och emol ufänke mat Kache kéint een an d’A faassen.

Den offiziellen Abschid vum Gibbes Bertolo an der RTL-City kënnt Dir am Live! Planet People nokucken:

Live! Planet People vum 12. Dezember
Carlo Schneider, Johanna Henkel a Christophe Prosperi

Back to Top
CIM LOGO